Basketballspillerinnen am Ausland: Anne Simon mat Campobasso an der K.O-Ronn vum EuroCup

Um Mëttwoch huet sech Magnolia Campobasso am fënnefte Match vun der Gruppephas doheem mat 88:50 géint Nyon (Schwäiz) duerchgesat. Et war déi véiert Victoire fir Campobasso, d'Ekipp steet domat virzäiteg an der nächster Ronn wou et am K.O-Modus weidergeet. D'Nationalspillerin konnt mat 19 Punkten, dorënner fënnef Dräier, eng staark Leeschtung weisen.
Jo Oly a Saarlouis mat véierter Defaite
Fir den däitsche Club Saarlouis Royals mat der Nationalspillerin Jo Oly ass wuel Schluss no der Gruppephas. Um Mëttwoch huet Saarlouis auswäerts am Ungarn géint Sopron 55:80 verluer, et war déi véiert Defaite no fënnef Matcher. D'Jo Oly koum an 8 Minutten op 2 Punkten.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗