Tankcamion verongléckt: Op d'mannst 30 Doudeger an Ägpyten

Dem ägyptesche Gesondheetsministère no sinn op d'mannst 30 Persounen ëm d'Liewe komm duerch e Brand am belieften Al-Warraq-Distrikt vu Gizeh.

Verëffentlecht: 25.11.26 20:24, Update: 25.11.26 20:33

Zu Gizeh ass en Tankcamion bäigaangen an duerno explodéiert.

Op d'mannst 30 Persoune si gestuerwen a 15 weiderer blesséiert ginn duerch e Feier, dat duerch en Tankcamion ausgeléist ginn ass, deen duerch e beliefte Quartier vu Gizeh, net wäit vun der Haaptstad Kairo ewech, gefuer a verongléckt ass. Dat mellt den ägyptesche Gesondheetsministère.

Feier bei Gizeh no Explosioun vun Tankcamion

Op d'mannst 30 Persoune sinn an Ägypten gestuerwen, nodeems en Tankcamion verongléckt an explodéiert ass.

Am El-Warraq-Distrikt ass d'Feier e Mëttwoch den Owend ausgebrach. 39 Ambulanze wieren dono am Asaz gewiescht, heescht et éischten Informatiounen no. Den nationale Pëtrolsministère huet den Accident an déi uschléissend Explosioun vum Camion confirméiert, deen op enger vill befuerener Strooss ënnerwee war. An éischte Meldunge war vun 21 Doudesaffer rieds gewiescht.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab