Enquête géint Ex-Salarié vun der Philharmonie: 160.000 Euro ënnerschloen - externen Audit soll Ëmstänn klären
Nodeem den Detournement duerch e fréiere Salarié bei internen Kontrolle opgefall war an d'Justiz ageschalt gouf, ass déi aktuell nach mat hire penalen Enquêten amgaangen. Op Demande vun déi Gréng goufen et e Mëttwoch Explikatioune vun de Responsabele vum groussen kulturelle Etablissement Public um Kierchbierg virun den Deputéierten aus der Chamber-Kulturkommissioun.
Trotz dem Véier-Aen-Prinzip goufen op Basis vu gefälschten Dokumenter wärend Jore Suen op Lëtzebuerger a franséisch Bankkonte vum fréieren Employée iwwerweisen - dat a sëllege Viremente mat klengen Zommen.
Den Direkter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher schwätzt vu krimineller Energie a Bedruch - duerfir gëtt och aktuell en externen Audit gemaach, fir all kriminell Demarchen ze klären. Betount gouf och vum Philharmonie-Direkter, datt et net onméiglech ass, datt eng Partie vun den 160.000 Euro nees kënnen zeréckfléissen, wëll d'Konten, wou d'Suen ënnerschloe goufen, bekannt sinn.
Trotz där héijer Zomm hätt den Detournement dem Kulturminister Eric Thill no keen Impakt op d'Programmatioun vun der Philharmonie gehat.
Et gouf dann och e Mëttwoch an der Kulturkommissioun festgehalen, datt den externen Audit vun den interne Fonctionementer bei der Philharmonie wäert an der Chamber virgestallt ginn. Entspriechend ginn dann och eventuell d'Kontroll-Mechanisme bei aneren Etablissements Publics ugepasst.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗