Falsche Medikamenteverkaf: Deepfake-Video mat RTL-Journalistin an Dokter
Opgepasst, bei dësem Video handelt et sech ëm en Deep-Fake.
Aktuell zirkuléiert an de soziale Reseauen en Deepfake-Video, an deem d'RTL-Journalistin Mariette Zenners an den Allgemengmedezinner Nico Haas Reklamm fir e Medikament maachen.
Dobäi handelt et sech awer ëm eng gefälschte Reklamm, an där d'Gesiichter vun deenen zwee ouni hiren Accord benotzt ginn.
D'Medikament soll a siwe Stonne Problemer mat der Artikulatioun heelen, heescht et am Video, an deem Franséisch geschwat gëtt. Den Dokter Nico Haas soll domat scho ronn 100.000 Leit gehollef hunn, wat natierlech net stëmmt, well et esou e Medikament net gëtt.
Eng fréier Patientin vum Dokter hat dëse Video um Internet gesinn an him doropshin ugeruff. Si huet nogefrot, ob et stëmme géif, dass hien esou e Medikament verkeeft.
"Ech sot nee, op kee Fall, ech maachen esou eppes net", erzielt den Dokter.
D'Fra hätt du weider erkläert, si hätt och en Uruff vun enger Persoun kritt, déi Franséisch geschwat huet, a sech als Dokter Haas ausginn hätt. Fir 300 Euro a bor kéint si d'Mëttel kafen, hätt hier d'Persoun um aneren Enn vun der Leitung erkläert. Wéi si dunn nogefrot hätt, ob si et net och an der Apdikt kéint kréien, hatt si gesot krut, dass dat net méiglech wier. Den Dokter hätt elo eng eege Firma a géif d'Mëttel selwer vermaarten.
Dat stëmmt natierlech alles net. Dofir huet den Dokter Nico Haas nom Telefonat d'Police kontaktéiert an eng Plainte géint Onbekannt deposéiert. Den Appell wier da vun enger franséischer Nummer komm, an och aner Leit hätten hien antëscht gefrot, ob hien hinnen dat Wonnermëttel kéint verschreiwen.
Opgepasst, bei dësem Video handelt et sech ëm en Deep-Fake.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗