Sozialbedruch iwwer 13.000 Euro: Mann, dee falsch Identitéit soll benotzt hunn, op frëscher Dot erwëscht

Wéi de Parquet e Mëttwoch an engem Communiqué matdeelt, soll de Mann onrechméissegerweis Revenu d’inclusion sociale (Revis) bezunn hunn.

De Mann wier e Freideg op frëscher Dot gestallt a festgeholl, nodeems ee festgestallt hätt, datt de Mann wuel eng falsch Identitéit benotzt hätt, fir un d'Suen ze kommen. Ënnert senger richteger Identitéit hätt hie keen Usproch op d'Hëllef gehat.

Géint de Mann wieren Ermëttlungen an d'Weeër geleet ginn, dat well hien ëffentlech ee falschen Numm soll benotzt hunn, ma och wéinst Urkundenfälschung a -mëssbrauch, wéinst Subventiounsbedruch a Blanchiment. Et gouf deemno een Haftbefeel ausgeschwat.

De Schued fir de Fonds national de solidarité géif sech aktuellen Erkenntnisser no op 13.000 Euro belafen. Dës Zomm kéint am Laf vun den Ermëttlungen awer och nach no uewe korrigéiert ginn, heescht et vum Parquet.

D'Ermëttlungen ginn elo weider, fir dat ganz ausmooss vum Bedruch aschätzen ze kënnen a méiglecherweis och nach aner Aiden, déi onrechtméisseg bezu goufen, ze identifizéieren.

De Parquet erënnert un dëser Plaz awer och un d'Présomption d'innocence.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab