Gratis Iessen a Spillkonsolen ze gewannen: Fastfood-Chaîne lackelt vill Jonker mat Aktioun an d'Stad
Op Videoen, déi RTL vun engem User geschéckt krut, gesäit ee virun allem Jonker an der Schlaang stoen, fir um 13 Auer, wou d'Aktioun lassgaangen ass, emg vun den 300 Molzechte gratis ze kréien. Verspillt goufen awer och Spillkonsolen an eng Renconter mat de Grënner vun der Fast Food Chaîne Tasty Crousty.
Hannert der franséischer Chaîne stieche véier Bridder, de Galo, Mamadou, Hamadou an Omar Diallo. Fir all Ouverture organiséieren d'Grënner esou eng Aktioun, wou ee gratis Iesse kritt, respektiv Kaddoe ka gewannen. D'Grënner si virun allem op Social Media ënnerwee a wëlle mat esou Aktiounen fir Opreegung suergen.
De Snack huet zanter engem Mount dat éischt Geschäft zu Lëtzebuerg, dat an der Stad. Verkaf gëtt Reis mat frittéiertem Poulet, d'Zooss kann een sech dann eraussichen. Iwwer 60 Franchisë gëtt et mëttlerweil vun Tasty Crousty, dat virun allem a Frankräich.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗