LE MUR Luxembourg: Wandmolerei vum Lisa Junius um City Museum

Wandmolerei un der Fassad vum City Museum vum Lisa Junius.

Den 20. November war de Vernissage vun der Wandmolerei vum Lisa Junius un der Fassad vum Lëtzebuerg City Museum.

D'Kënschtlerin, déi zu Lëtzebuerg gebuer ass, schafft als interdisziplinär Kënschtlerin a Keramikerin. An hire Wierker presentéiert si oft berouegend Welten, déi vu weibleche Figuren a kosmeschen Elementer bewunnt sinn.

Duerch Wandmolerei, Keramik an Design entwéckelt si eng visuell Sprooch voller Poesie, Rou a Fantasie. Si huet sech heibäi op organesch Forme konzentréiert, déi hir dobäi hëllefen, bei sech selwer unzekommen an eng Verbindung mat sech an der Ëmwelt opzebauen.

Theme wéi Weiblechkeet, d'Magie vum Alldag an Heelung spillen d'Haaptrollen an hire Wierker. Inspiratioun fir hir Konscht fënnt si an der Natur, de Moundzyklen an an der Welt vun der Fantasie. Déi blo Faarf, déi charakteristesch fir hir kënschtleresch Welt ass, zitt sech duerch hiert ganzt Schafen a verleet hire Wierker eng meditativ a gläichzäiteg déif mënschlech Dimensioun.

Ze gesinn ass hier Wandmolerei un der Fassad vum Lëtzebuerg City Museum.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab