Nei US-Zollpolitik: USA plangen nei Stroftaxen op Importer aus der EU

Déi geplangten Taxe sinn d'Resultat vun enger méintelaanger Enquête iwwer presuméiert Iwwerproduktioun an de betraffene Länner.

D'US-Regierung reprochéiert dësen, hir Produktiounskapazitéiten auszebauen, ouni dobäi déi reell Nofro an d'Maartwirtschaft ze berécksiichtegen.

Nieft der EU sinn ënner anerem China, Indien, Japan, Südkorea, Taiwan, Vietnam an d'Schwäiz betraff. Fir China sinn Taxe vun 20 Prozent virgesinn - den héchsten Taux, dee béi dëser Mesure geplangt ass.

A Kraaft triede kënnen dës néi Mesurë fréistens ab Januar 2027. Et ass awer eng Phas virgesinn, an där déi concernéiert Acteure Stellung kënnen huelen.

Déi nei Taxe kéinten den Drock op amerikanesch Entreprisen a Konsumente weider verstäerken. Vill Betriber, déi scho mat de Konsequenze vun de bis elo agefouerten Importtaxe konfrontéiert sinn, kéinten déi zousätzlech Käschten un hir Clientë weiderginn.

D'Enquête iwwer déi presuméiert Iwwerproduktioun war am Mäerz lancéiert ginn, kuerz nodeems den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA am Februar e groussen Deel vun den Importtaxe vum Donald Trump gekippt hat.

Déi amerikanesch Regierung gesäit an der Iwwerproduktioun a verschiddene Secteuren, dorënner bei Batterien, Zement, Chemikalien a Liewensmëttel, eng Gefor fir déi eegen Industrie.

Et gëtt domat gerechent, datt virun allem China sech géint déi nei Mesurë wiere wäert. Peking huet an der Vergaangenheet ëmmer nees d'Kritik zeréckgewisen, datt seng Wirtschaft ze staark op Exporter géif setzen.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab