CHL warnt: Deep-Fake-Videoe vu Medezinnerin zirkuléieren an de soziale Reseauen

An dësen, mat KI erstallte Videoen, géinge souwuel Gesiicht wéi Stëmm vun der Doktesch genotzt ginn a Saache gesot ginn, déi si esou ni gesot huet. Den CHL betount, datt et sech ëm gefälscht Inhalter handelt an ëm keng offiziell Kommunikatioun vun der Medezinnerin oder dem Spidol.

Et gëtt dann och den Opruff gemaach, de Recommandatiounen aus de Videoen net ze gleewen an d'Videoen och net ze deelen. Et sollt ee se par contre op deene Plattformen, op deenen ee se gesäit, mellen.

RTL-Informatiounen no zirkuléieren och Deep-Fake-Videoen an de soziale Reseauen, an deenen d'RTL-Journalistin Mariette Zenners zesumme mat Dokteren ze gesinn ass a Reklamm fir bestëmmt Medikamenter gemaach gëtt. Och dës Videoen entspriechen net der Realitéit.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab