Opname vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner : Papp vum Meghan Markle an den USA ugeklot

Den 82 Joer ale Papp vum Meghan Markle, der Fra vum brittesche Prënz Harry, sëtzt den Ament schonn a Florida an Haft, well hie säin elektronesche Foussfessel ewechgeholl hat, deen hien am Kader vu sengem Hausarrest huet missen droen.
An den nächste Woche gëtt hien elo vun engem Bundesgeriicht zu Los Angeles erwaart.
Der Uklo no soll den Thomas Markle ënner anerem a Besëtz vu Fotonegativer mat Opname vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner gewiescht sinn. Op d'mannst ee vun de Biller soll e Kand weisen, dat nach net an der Pubertéit war.
De Geriichtsdokumenter no soll den Amerikaner souwuel op de Philippinnen, wou hie virdru gelieft huet, wéi och an zwee gelounte Lagerraim zu Los Angeles illegalt Bildmaterial verstoppt hunn.
Dem Parquet no huet den FBI Biller a Form vun Diaen, Fotonegativer a Fotoen a Bicher saiséiert. Op zwou vun den Opname soll den Thomas Markle selwer mat plakegen oder wéineg bekleete Kanner ze gesi sinn.
Hie soll an zwee Punkte wéinst der Verbreedung an an engem Punkt wéinst dem Besëtz vu Kannermëssbrauchsmaterial ugeklot ginn.
De Fall war am Oktober bekannt ginn, nodeems déi brittesch Boulevardzeitung "The Sun" gemellt hat, datt dem Thomas Markle säi Jong, den Thomas Markle Jr., beim Duerchsiche vu Këschten an der fréierer Wunneng vu sengem Papp op de Philippinnen entspriechend Biller entdeckt hätt.
D'Meghan Markle, dat zanter Jore kee Kontakt méi mat sengem Papp huet, hat sech leschte Mount extreem betraff iwwer d'Virwërf gewisen. Wéinst fréiere Virwërf hat si schonn all Kontakt tëscht hirem Papp an hiren zwee Kanner ënnerbonnen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗