No gewaltsame Protester am Bangladesch: Mindestloun vun Aarbechter an Textilindustrie gëtt ëm 36% eropgesat
No Protester am Bangladesch: Mindestloun am Textilsecteur gëtt eropgesat
Normalerweis kréien d’Aarbechter am Textilsecteur am Bangladesch all fënnef Joer eng Lounupassung, dat ass dës Kéier awer schonn no dräi Joer geschitt.
D'Aarbechter am Textilsecteur am Bangladesch kruten no wochelaangen an deels gewaltsame Protester eng Lounerhéijung vu 36 Prozent zougesot. D'Kommissioun, déi vun der Regierung fir d'Léise vum Konflikt opgestallt gi war, huet e Mëttwoch eng Erhéijung vum Mindestloun vun 12.500 op 17.000 Taka (ronn 125 Euro) decidéiert. D'Aarbechter haten 30.000 Taka gefuerdert. Den neie Mindestloun gëtt vu Januar u bezuelt.
Nach e Mëttwoch de Moien hunn honnerten Demonstranten am Industriegebitt zu Gazipur um Bord vun der Haaptstad Dhaka Barrikaden opgeriicht. Si goufe vun der Police mat Tréinegas a Blendgranaten ausernee gedriwwen, wéi Aenzeien der Noriichtenagence AFP gemellt hunn. Ee Vertrieder vun der Police huet erkläert, datt d'Beamte probéiert hätten, "d'Situatioun ënner Kontroll ze halen". Vertrieder vun den Aarbechter hunn dozou opgeruff, zréck op d'Aarbecht ze goen.
"Och wa mir net ganz zefridde sinn, ass d'Resultat awer net ganz schlecht", sot de Babul Akhter, Aarbechtervertrieder an der Mindestlounkommissioun. "Fréier hunn d'Aarbechter all fënnef Joer eng Lounupassung kritt, ma dës Kéier kréie si schonn no dräi Joer eng nei Lounfestsetzung."
D'Protester haten am Oktober ugefaangen an d'Produktioun vum Secteur, dee fir d'Land immens wichteg ass, behënnert. De Verband vun de Kleederproduzenten an -exportateure vu Bangladesch (BGMEA) hunn e Sonndeg matgedeelt, datt d'Protester vum Secteur Verloschter an Héicht vu schätzungsweis 428 Milliounen Dollar (ronn 391 Milliounen Euro) verursaacht hätten.
Bangladesch ass no China weltwäit zweetgréissten Exportateur vu Kleeder. D'Exportatioune maache ronn 80 Prozent vun den Exportrecettë vum Land aus. Wichtegst Clientë sinn dobäi d'USA an d'EU. Ronn 4,5 Millioune Leit schneideren a bitzen an den Textilfabricken, déi meescht vun hinne si Fraen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗