Clientë ginn informéiert: Eeler Datebank vu Renmans gouf bei Cyberattack kopéiert

Am Schreiwes heescht et, datt den informateschen Déngscht, mat deem Renmans zesummeschafft, affer vun enger Cyberattack gouf. Dobäi gouf eng Kopie vun enger aler Datebank - aus dem Februar 2023 - ugegraff. Déi aktuell Versioune wieren awer net betraff.

Geklaut goufen ënner anerem d'Email-Adressen, d'Clientsnummer, den Numm, d'Adress an d'Passwuert, wat een genotzt huet, fir de Clientscompte opzemaachen.

Duerch d'Daten, déi geklaut sinn, warnt d'Metzlereiketten elo viru méigleche Phishing-Mailen, déi hir Clienten elo kënne kréien. Et gëtt geroden, datt d'Clienten hiert Passwuert op all deene Plazen, wou si et notzen, änneren an datt ee bei Mailen oder SMSen, déi ausgesinn, wéi wa se vu Renmans kommen, besonnesch soll opassen. D'Chaîne erënnert drun, datt hir Maile just vun den Domainen @renmans.lu an @renmans.be kommen.

Extraite vun der Mail, déi d'Clientë vu Renmans kruten.

Extraite vun der Mail, déi d'Clientë vu Renmans kruten. RTL Mobile Reporter / Renmans

Cyberattack Renmans 25.11.26

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab