EU-Geriicht: Bréissel muss neien Zäitplang fir Enn vu Käfeghaltung virleeën

D'EU-Kommissioun muss en neien Zäitplang fir en Enn vun der Käfeghaltung fir Notzdéiere virleeën. D'EU-Geriicht zu Lëtzebuerg huet e Mëttwoch der Biergerinitiativ "End the Cage Age" (Stoppt d'Käfeg-Zäitalter) Recht ginn. D'Initiativ hat geklot, nodeems d'Kommissioun engem Delai Enn 2023 net nokomm war.
D'Aktiviste vun "End the Cage Age" hate virun e puer Joer ronn 1,4 Milliounen Ënnerschrëfte fir e Verbuet vun der Käfeghaltung fir Hénger, Gänsen, Kanéngercher an aner Déiere gesammelt. Si wëllen ausserdeem erreechen, datt Sai net méi a Këschte getrennt vun hire Fierkelen a Källwer net méi an eenzele Boxe gehalen dierfe ginn.
D'Kommissioun hat am Summer 2021 mat engem Zäitplang fir e schrëttweist Verbuet reagéiert. Bréissel huet deemools an Aussiicht gestallt, datt déi éischt Verbueter vun 2027 un a Kraaft triede kéinten, fréistens Enn 2023 wollt d'Kommissioun offiziell e Gesetz virschloen - esou eng Gesetzespropos läit bis haut net vir.
D'EU-Geriicht huet elo decidéiert, datt d'Kommissioun géint d'Gesetz verstouss hat, an deem den Ëmgang mat Biergerinitiative gereegelt ass. Si misst, nodeems den Delai ofgelaf ass, entweder en neien Zäitplang virleeën oder ganz vun hire Pläng fir en Enn vun der Käfeghaltung ofrécke mussen. En Zäitplang wier wichteg, fir d'Bierger iwwer de Stand vun de Pläng z'informéieren, huet d'Geriicht geurteelt.
Fir verschidden Notzdéiere gëtt et antëscht graff Donnéeën: D'Kommissioun huet am Summer ugekënnegt, si géing bis Enn vum Joer eng Gesetzespropos fir d'Verbesserung vun der Haltung vun Hénger virleeën, bis Mëtt 20247 soll eng Propos fir d'Haltung vu Schwäin nokommen.
Dem Urteelt no muss d'Kommissioun elo en Zäitplang fir "all Mesurë" virleeën, déi als Äntwert op d'Biergerinitiativ geplangt sinn - also och fir Källwer a weider Notzdéieren. Fall keng weider Gesetzer geplangt sinn, muss dat och aus de Pläng vun der Kommissioun ervirgoen. D'Kommissioun kann awer nach virum Europäesche Geriichtshaff géint d'Urteelt an Appell goen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗