Parlamentaresch Fro: Vill Demandë fir Studentebourssen
D'Demandë fir d'Studenteboursse bleiwe fir d'Wantersemester am Verglach mam leschte Joer bei bal 40.000 Stéck quasi konstant.
Zanter der Reform vum System fir d'Subside fir Studenten, déi eng Héichschoul besichen, gouf d'Kontroll vun der schoulescher Progressioun och verschäerft. Dat spigelt sech och an den 2.100 Refusen erëm, déi ausgestallt goufen a fir déi da keng finanziell Hëllef ausbezuelt gouf.
Zu engem Drëttel - 746 Mol - gouf et e Refus, well de Jonken net séier genuch a sengem Studium weiderkomm ass. Vill Demandë goufen och net accordéiert, well d'Formatioun net unerkannt war oder wéinst der Dauer vun der Attributioun. Dat ëmmerhin an 857 Fäll.
Fir dëst Wantersemester eleng goufen et eng 38.300 Demandë fir eng Finanzsprëtz, fir de Studium ze kréien, dorënner vu knapp 17.100 Studenten, déi net am Land wunnen. Den Depot vun den Ufroe leeft awer nach.
Parallel goufen et tëscht August a November schonn eng 530 Demandë vu Studenten, déi no engem Recours gracieux froen oder datt den Dossier no engem Refus nach eemol ënnert d'Lupp geholl gëtt.
Et war den CSV-Deputéierte Ricardo Marques, deen der Héichschoulministesch Stéphanie Obertin déi entspriechend parlamentaresch Fro gestallt hat.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗