Mesurë géint Logementskris: Petitioun huet Seuil vun néidegen Ënnerschrëften erreecht

Dës fuerdert d'Regierung an d'Chamber dozou op, de Logementsdësch ze erweideren an an eng National Kommissioun am Kampf géint d'Wunnengskris ëmzewandelen, déi sech all Mount ënnert der Autoritéit vum Premierminister treffe géif.
5.552 Leit hunn, Stand e Mëttwoch de Moien, ënnerschriwwen. D'Petitioun leeft nach wärend 9 Deeg. Dono musse sämtlech Signaturen natierlech nach validéiert ginn.
Duerch d'Schafe vun enger Nationaler Kommissioun, déi all kompetent Staatsdéngschter souwéi d'Acteuren aus dem private Secteur zesummebréngt, wier d'Zil, schlussendlech eng national Dynamik an Ambitioun ze schafen, fir d'Wunnengskris iwwergräifend a koordinéiert mat radikale Moossnamen unzegoen. Esou eng Kommissioun géif och garantéieren, datt d'Léisung vun der Wunnengskris net nëmmen am Aufgabeberäich vum Wunnengsbauministère léich, heescht et an der Motivatioun vum Petitionär.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗