Climate Youth Delegates iwwer d'COP31: Keen Accord wier besser ewéi e schlechten Accord
Climate Youth Delegates iwwer COP31: Keen Accord besser ewéi e schlechten Accord
Dass et zu kengem Accord koum, fannen den Alexander Feil an d'Josephine Loschetter réckbléckend positiv. Si ware bei der COP31 dobäi.
Den Alexander Feil an d'Josephine Loschetter ware fir Youth Climate Delegates bei der 31. Editioun vun der Weltklimakonferenz zu Antalya an der Tierkei mat dobäi. Dass sech bei der Ofschlosserklärung net gëeenegt gouf, fanne si réckbléckend net onbedéngt negativ.
Den Alexander Feil: "Wat mir eis als Climate Adviser erhoffen, ass, datt mir Aktioune kréie fir de Klimaschutz. A wann dat, wat mir op der COP erreechen, net genuch ass, dann ass et gutt, datt mir keng Eenegung hunn op der COP, well mir da méi Zeeche kënne setzen ausserhalb vun der COP. An dofir ass eis Fuerderung elo vun der Lëtzebuerger Regierung a vum Serge Wilmes a vum Luc Frieden, datt si sech méi ausserhalb vun der COP dofir asetzen, datt mir vu Lëtzebuerg eng 'Transition away from fossil fuels' hi kréien."
D'Josephine Loschetter: "Ma initial do op där Plaz war et natierlech e bëssen esou eng Enttäuschung, well et schafft een zwou Wochen op en Zil hin a wann dann um leschten Dag gesot gëtt, 'ok, et ass awer näischt ginn', ass een natierlech e bëssen traureg. Mee ech mengen elo am Nachhinein, wann ech iwwerleeën, wéi den Text am Fong hätt kënne sinn, ass et besser, dass deen net ënnerschriwwe gouf. "

Entrevue mam Premier Luc Frieden
Op der COP hate si schonn eng Entrevue mam Serge Wilmes, deem seng Positioun si och ënnerstëtzen. En Dënschdeg am spéiden Nomëtten, no eisem Interview, hate si nach eng Entrevue mam Premier Luc Frieden. Punkten, déi si wollten uschwätzen, waren, dass d'Jugend weider an der Klimaaktioun mat abezu sollt ginn, an och fir hir Andréck vun der COP31 mat him ze deelen: "Net nëmme vu Lëtzebuerger Jugendlechen, hei zu Lëtzebuerg, mee och vun den Internationalen, wat ass hir Vue op Klimaschutz an iwwert d'Aktioune vun der Regierung hei zu Lëtzebuerg a vun der Europäescher Unioun?", zielt den Alexander Feil.
Konkreet Punkten, déi si dem Premier wollte proposéieren, sinn: "An da wëlle mir och, ganz spezifesch, dass 70% Prozent vun de Schoulen innerhalb vu 70 Wochen, Solarpannoen hunn. An da wëlle mir och, dass Lëtzebuerg sech en Zil setzt, fir 'Fossil fuel'-Subventiounen ofzeschalten", esou d'Josephine Loschetter.

En Dënschdeg den Owend haten d'Climate Youth Delegates eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an dem Ëmweltminister Serge Wilmes. MECB

En Dënschdeg den Owend haten d'Climate Youth Delegates eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an dem Ëmweltminister Serge Wilmes. MECB

En Dënschdeg den Owend haten d'Climate Youth Delegates eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an dem Ëmweltminister Serge Wilmes. MECB

En Dënschdeg den Owend haten d'Climate Youth Delegates eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an dem Ëmweltminister Serge Wilmes. MECB
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗