An der Nuecht op e Mëttwoch: Mann vun 43 Joer bei Hausbrand zu Iechternach ëm d'Liewe komm

Wéi d'Police e Mëttwoch de Moie matdeelt, ass dobäi e Mann vun 43 Joer ëm d'Liewe komm. Hie gouf wärend de Läschaarbechten a senger Wunneng fonnt. D'Ursaach vum Feier ass den Ament nach onbekannt. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet eng Autopsie vun der Läich, wéi och eng Enquête zur Ermëttlung vun der Brandursaach lancéiert.

Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, datt d'Pompjeeë vu Konsdref, Iechternach, Uesweller an e SAMU aus der Stad um Rettungsasaz bedeelegt waren.

Liest dozou och hei:

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab