Citybreakfast: Abrigado an der Stad kritt neit Gebai - 13-Milliounen-Euro-Projet soll 2029 fäerdeg ginn

D'Lydie Polfer an den Maurice Bauer um Citybreakfast.

"Mir wëllen de Leit déi an enger schlechter Liewessituatioun sinn hëllefen, mä och d'Nuisancë fir d'Leit an de betraffene Quartieren esou geréng wéi méiglech maachen, an hir Liewensqualitéit verbesseren a garantéieren" huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um CityBreakfast betount.

Zwou konkret Mesurë goufe presentéiert. Engersäits kritt den Abrigado en neit Gebai, um nämmlechten Terrain wéi bis ewell, just bësse méi no hanne geluecht. Den Abrigado wäert dann och 24 Stonnen op 24 op sinn a geplangt sinn och 41 Better am neien Gebai. Donieft wäert eng Buanderie sociale just vis-à-vis opgoen, wou Leit d'Méiglechkeet hunn, hir Kleeder ze wäschen.

Béid Projete solle viraussiichtlech am Juni 2029 fäerdeg sinn. De Budget vum Abrigado läit bei 13 Milliounen Euro, dee vun der Buanderie sociale bei 980.000 Euro.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab