Sollt nächst Woch higeriicht ginn: Amokleefer op US-Militärbasis freet Verleeë vu senger Exekutioun

Den Nidal Hasan, deen nom Amoklaf op der US-Militärbasis Fort Hood zum Doud verurteelt gouf, huet elo eng offiziell Demande bei der US-Justiz agereecht, fir datt seng Hiriichtung soll verluecht ginn. De fréiere Psychiater vun der Arméi hat en Dënschdeg e Bundesgeriicht opgefuerdert, d'Exekutioun, déi duerch d'Erschéisse sollt duerchgefouert ginn, virleefeg auszesetzen. Dëst geet aus Ënnerlage vun der Justiz ervir, déi der AFP virleien. Hannergrond ass, datt den Hasan d'Doudesstrof um Niveau vun der Verfassung wëll ufechten.
Den Hasan hat 2009 op der Militärbasis Fort Hood am Texas am ganzen 13 Zaldoten an Zivilisten erschoss. Dowéinst war hien 2013 vun engem Militärgeriicht zum Doud verurteelt ginn. D'Exekutioun war u sech fir nächsten Donneschdeg ugesat. Sollt se duerchgezu ginn, wär et déi éischt Exekutioun an den leschte 65 Joer, déi an den USA duerch en militäresch Erscheissungskommando géif duerchgefouert ginn.
Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth hat jo ufanks annoncéiert, datt een d'Hiriichtung live iwwerdroe loosse géif, fir en Exempel ze statuéieren. No enger Well vu Kritik huet den US-President selwer de Livestream vun der Exekutioun ofgesat. Den Hasan géif awer "wéi virgesinn vun engem Erschéissungskommando stierwen", esou den Donald Trump weider.
Esouguer an de Reie vum Trump senge Republikaner gouf et massive Widderstand géint eng Liveiwwerdroung vun der Hiriichtung. Och well den Hasan am Rollstull sëtzt, war et d'Angscht, datt de muslimeschen US-Staatsbierger, dee palästinensesch Originnen huet, kéint vun en Islamiste zu engem "Märtyrer" erhuewe ginn.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗