13 + 6km Stau: Zwee Accidenter op der A1 Richtung Stad suerge fir grouss Problemer am Trafic

Wien e Mëttwoch de Moien op der A1 a Richtung Stad ënnerwee ass, muss vill Gedold matbréngen.

Verëffentlecht: 25.11.26 08:18

RTL Mobile Reporter

RTL Mobile Reporter

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Direkt zwee Accidenter suergen op dëser fir massive Stau: Eemol un der Grenz zu Däitschland, tëscht Waasserbëlleg a Mäertert an eemol kuerz virun der Stad, an der Montée Mënsbech.

Tëscht Waasserbëlleg a Mäertert war eng éischte Kéier géint 5:20 Auer en Accident mat zwee Autoe gemellt ginn. Dësen hat tëschenzäitlech fir bis zu 6km Stau gesuergt.

Gutt zwou Stonne méi spéit dann en Accident mat 6 Autoen an der Montée Mënsbech. Déi lénks a mëttels Spuer sinn hei komplett blockéiert, sou datt et just schlecht laanscht geet. Entretemps suergt den Accident hei fir 9,5km Stau

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab