Méi Beruffung wéi Beruff: De Léon Zeches iwwert d'Aarbecht vum Journalist

Op dësem Mëttwoch gëtt un d'Aféierung vun der Pressehëllef am Joer 1976, also viru genee 50 Joer, erënnert. Wann ee Medium gewëss formal an deontologesch Oplafen erfëllt, gëtt et vum Staat finanziell ënnerstëtzt. Ee Mann, dee schonn deemools als Journalist aktiv war, ass de Léon Zeches. Hien huet wärend senger ganzer berufflecher Karriär vun 1968 bis 2009 beim Lëtzebuerger Wort geschafft a war vun 1986 bis zu senger Pensionéierung Chefredakter vun der gréisster Lëtzebuerger Dageszeitung.

Wann een haut beim Léon Zeches doheem, net wäit ewech vum fréiere Siège vum Lëtzebuerger Wort zu Gaasperech, am Büro sëtzt, da kann ee sech schonn e bëssi erschloe fillen, vun de ville Bicher, déi an de Stallage laanscht d'Mauere stinn. A wann een da mam Mann, dee méi wéi 20 Joer laang un der Spëtzt vun der Wort-Redaktioun stoung, an d'Gespréich kënnt, da kënnt et engem bëssi vir, wéi wann een a ganz ville verschiddene Bicher bliedere géing.

An den 1970er-Joren haten déi verschidden Zeitungen nach eng vill méi enk Relatioun mat politesche Parteien, wat enger objektiv Berichterstattung net onbedéngt fërderlech war. An och wann d'CSV ni am Aktionariat vun der Imprimerie Saint-Paul vertruede war, stounge sech d'Wort an déi Chrëschtsozial awer besonnesch no. Esouguer sou no, datt de Gank an d'Oppositioun vun der CSV am Joer 1974 och Repercussiounen op d'Wort haten, déi nach Joren dono ze spiere waren, wéi sech de Léon Zeches erënnert.

"Well d'Wort ass jo mat der CSV an d'Oppositioun gaangen. Do hunn eenzel Leit, ech nenne lo keng Nimm, mee déi ganz brillant Journaliste waren, mat Héichschouldiplomer an hirem Fach notamment, d'Zeitung verlooss, dat ware Verloschter fir d'Wort. An herno hu mer vill opgeotemt a mir hunn och vill Journaliste kritt, déi mer soss net kritt hätten, Leit, op déi mer gewaart hunn, datt mer sou Kapazitéiten an d'Wort kéinte kréien."

Dat wier just méiglech gewiescht, well ëm 1979, wéi d'CSV nees an d'Regierung komm ass, decidéiert gouf, iwwert all d'Parteien objektiv ze beriichten. Sou huet de Léon Zeches, deen 1976 Rédacteur en chef adjoint vum Wort gouf, da Wäert drop geluecht, datt een op Pressekonferenze vun all de Parteie goen a se d'selwecht behandele géing.

"An ech hunn en ëmmer gepriedegt, datt do keen ee Wuert Kommentar dierf dra sinn. Wa se sech net gepackt hunn an awer ee Wuert dra bruecht hunn, ech hunn ëmmer gesot, schonn eleng d'Wuert 'leider' zum Beispill ass Kommentar, dat gehéiert a kee Bericht, dat gehéiert a Leitartikelen a Kommentaren. Berichter, egal ob vun de Kommunisten oder vun de Sozialisten oder vun der DP oder egal och bei der CSV, och do dierf keng Frohlockung bei der CSV herrschen."

Datt ee Medium vum Staat finanziell ënnerstëtzt gëtt, och wann et objektiv Tatsaache verbreet, déi net onbedéngt am Sënn vun der Regierung sinn, ass am Endeffekt d'Basis vun der Pressehëllef.

Ma net just inhaltlech, mee och technologesch huet sech tëscht den 1970er- an 2000er-Jore vill verännert. Am Ufank vu senger Karriär hätt déi geschriwwe Press vum technesche Prinzip hier nach am Zäitalter vum Johannes Gutenberg gelieft, wou d'Buschtawen nach am Bläi gesat an nom Stempelprinzip opgedroe goufen. Dono koum d'Fotosazperiod, déi awer schonn no gutt zéng Joer lues a lues duerch dat Digitaalt ofgeléist gi wier. Datt ee beim Wort den digitalen Zuch net verpassen dierft, hätten hien an den deemolegen Direkter vum Wort a vun der Imprimerie Saint-Paul André Heiderscheid wärend enger Faart am Abbé Heiderscheid sengem Auto decidéiert.

"An do hu mer den Entschloss gefaasst, ënnerwee am Heiderscheid senger BMW, en ass ëmmer gäre séier gefuer, et ass ëm näischt séier genuch gaangen, och déi technesch Revolutioun vum Wort ass ëm net séier genuch gaangen. Du huet e gesot, këmmer dech e bëssi drëm, du hues all Fräiheet, déi Saachen anzeféieren, mir si finanziell gutt do am Verglach mat anere Medien zu Lëtzebuerg. Dat kënne mir direkt aféiere soubal mir virbereet sinn, kuck dono."

Haut stinn déi traditionell Medie ferm ënner Drock, notamment vun de soziale Medien, wou jiddereen ouni groussen Opwand ee Forum fannen an eege Wouerechten, och wann et guer keng sinn, verbreede kann. Trotzdeem géing de Léon Zeches och haut nees direkt de Journalisteberuff ergräifen.

"Wéinst senger ethescher Dimensioun, senger soziologescher Dimensioun, e schafft jo direkt mat dem Vollek zesummen, méi wéi ee Jurist, an dee gëtt dofir bezuelt, fir Saache sichen ze goen, och déi, wou e perséinlech net d'Accord ass, fir déi awer ze verdeedegen. De Journalist huet de Privileeg, virum Jurist, dee muss och Saache géint säi Wëlle verdeedegen, de Journalist huet de Privileeg, nëmme Saachen ze verdeedegen ..."

... vun deenen en och wierklech iwwerzeegt wier, a Kommentare wuelverstanen. Et dierft een de Beruff net aus finanzielle Grënn maachen, mee well ee sech der Informatioun vun de Leit verflicht fillt.

Alles an allem bewäert de Léon Zeches d'Qualitéit vun de grousse Lëtzebuerger Medien, virop vu "sengem" Wort positiv, och wann e sech deels eng aner Gewiichtung vun de Sujete wënsche géing.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab