CGDIS: Zwee Verwonnter bei Accident um Rouscht, ee Blesséierte bei Hausbrand zu Iechternach
Op der N7, um Rouscht a Richtung Colmer-Bierg ware kuerz no 17 Auer zwee Autoe matenee kollidéiert, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Op der Plaz waren d'Secouristen aus den Asazzentre Colmer-Bierg, Miersch an Nordstad.
Géint 17:30 Auer ass an der Cité Pierre Krier zu Esch eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt ginn. Se gouf vun den Escher Rettungsekippen en charge geholl.
An der Nuecht op e Mëttwoch, géint 1:15 Auer, hat et an der Lëtzebuerger Strooss zu Iechternach an engem Haus gebrannt. Dobäi gouf dem CGDIS-Bulletin no eng Persoun blesséiert. Un de Rettungsaarbechte bedeelegt waren d'Pompjeeë vu Konsdref, Iechternach, Uesweller an e SAMU aus der Stad.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗