Suivi am Dossier futtis Silikon-Implantater: D'Ministesch annoncéiert Ännerungen am Interessi vun de Betraffenen
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez reagéiert op de Reportage iwwer d'Problemer mat der Gesondheetskeess a Saache Broschtimplantater. D'CNS géif d'Prozeduren iwwerschaffen a kucken, d'Delaien ze verkierzen. Et géif donieft iwwerpréift, ob d'Autorisatiounen, déi am Virfeld mussen ugefrot ginn, nach noutwendeg sinn.
D'Ministesch fir d'Sécurité sociale ass optimistesch, dass an noer Zukunft Léisunge wäerte fonnt ginn, déi de Concernéierten zegutt kommen.
Broschtkriibs: Ministesch annoncéiert Changementer fir méi séier Prozeduren
Broschtkriibs ass ee vun den éischter wéinege Beräicher, an deem ee virun enger Interventioun, eng Autorisatioun vun der CNS brauch.
D'Kriibspatientin Anne-Marie Reiser huet eréischt iwwer eng Decisioun vum Geriicht vun der CNS, dem Conseil arbitral Recht krut, fir hir Silikon-Implanten z'ersetzen an deemno bezuelt ze kréien. Een Implant war schonn op den IRM-Biller als net méi intakt identifizéiert ginn; deem anere seng Membran hat Rëss, wat eréischt visibel gouf, wéi en eraus war.
D'Gesondheetskeess follegt deem Urteel bis elo awer nëmmen hallef, wëll amplaz fir d'Operatioun op béide Säiten opzekommen, just eng Broscht iwwerhuelen. An d'Patientin, déi sech op eege Käschten operéiere gelooss hat, gesäit, no zwee Joer Kampf géint Wandmillen, nach ëmmer kee Liicht um Enn vum Tunnel.
Kee perséinleche Kontakt mat den zoustännegen Associatiounen
Vun der Fondation Cancer wier si bei "Europa Donna" geschéckt ginn, vun deene bei d'Patientevertriedung fir du mam Saz: "Werft Ären Dossier ënnen an d’Boîte" ofgefäerdegt ze ginn. Dono hätt si vun hinne näischt méi héieren, bedauert d'Anne-Marie Reiser.
Dobäi erkläre béid Asblen, dass si do wieren, fir de Leit weider ze hëllefen.
Fir Europa Donna, d'Asbl déi sech eleng ëm Broschtkriibs këmmert, erkläert d'Presidentin Mariette Fischbach:
"Déi Krittären, déi do sinn, déi och valabel sinn, wou dann den extracapsulaire an intracapsulaire keng Roll spillt, datt sech do dru gehale gëtt, an datt net dann, dann nach den, de Contrôle médical duerno en aneren Avis ka ginn, wéi dat wat, wat an de Statute vun der CNS schonn einfach, muss akzeptéiert ginn. A méi séier, denken ech, sollt et och vläicht goen? Jo, jo, well et, well et eeben, eeben eng ganz kriddeleg Saach ass, an een Dokter, deen, deen déi Diagnos stellt an, an d'Patientin waart nach drop, fir hir Autorisatioun ze kréien, soulaang wéi net kann operéiert ginn an an der Tëschenzäit ee Problem kënnt, da kann déi Fra de Chirurg juristesch ugräifen. Et ass en immens grousse Problem, fir d' Fra Mol fir all, op alle Fall, mee et ass och, et ass och fir de Chirurg, deen, dat ass inakzeptabel, fir eng Diagnos ze stellen an dann näischt kënnen ze maachen, keng, keng, keng Aktioun do drop ze maachen."
D'Mariette Fischbach vun der Asbl Europa Donna
D’Patientevertriedung versteet och net firwat esou Refuse erausginn. De Georges Clees hofft dass sech alles elo nach emol ugekuckt gëtt.
De Georges Clees vun der Patientevertriedung
Verbesserungen an noer Zukunft
D'Ministesch erkläert an hirer Reaktioun, dass d'CNS sech deene Problemer bewosst wier. Broschtkriibs ass nämlech ee vu deenen éischter wéinege Beräicher, wou ee virun enger Interventioun, eng Autorisatioun brauch. D'Gesondheetskeess géing dru schaffen, déi Prozedure méi séier a méi einfach ze maachen, an och d'Noutwendegkeet vun den Autorisatiounen nach emol iwwerpréiften.
Et si méi Fraen an der Situatioun vum Anne-Marie Reiser
Onnéideg Zäit verléieren, sech mat Refusen erëmschloen, déi kee ronderëm si versteet – d'Anne-Marie Reiser hat iwwer Méint dermadder ze dinn. Dass trotz Urteel zu hire Gonschten elo just eng Broscht soll rembourséiert ginn, versteet si och net. Zumools och deen Implant – dee riets am Bild – och net méi intakt war. An – net ze vergiessen – si ass bei wäitem net déi eenzeg an esou enger Situatioun.
Weider Problemer, wat d'CNS a Broschtkriibs ugeet
Et géifen nach eng jett aner Problemer mat der Gesondheetskeess, am Dossier Broschtkriibs, sou d'Kritik vun den Associatiounen. Dass een zum Beispill zwee Code bräicht, fir e chirurgeschen Agrëff; dat heescht, dass en Dokter sech net ouni dee Code an en zweeten Accord vun der CNS ëm d'Symmetrie vu béide Brëscht dierf këmmeren. Dofir géif de Chirurg opgefuerdert, eng Foto vun de Brëscht vu senger Patientin un d'Postadress vun der Gesondheetskeess ze schécken, wou da wuel am Service Prestations des médecins iwwer eng Autorisatioun decidéiert gëtt. Wien dat alles gesäit...?? Bestëmmt och e Problem a punkto Dateschutz.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗