"Mir musse fort vun ëmmer méi": Chambre de Commerce fuerdert eng aner Budgetspolitik

"Mir musse fort vun ëmmer méi"

D'Chambre de Commerce fuerdert eng aner Budgetspolitik.

D'Chambre de Commerce fuerdert eng aner Budgetspolitik. Wéi de Staat de Budget opstellt, misst fundamental geännert ginn, sot en Dënschdeg de Moien de Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen, bei der Analys vum Budgetsprojet 2027.

Vun enger renger Ausgabekultur misst een hin zu engem "Arbitrage". Et misst ee vill méi ofweien, fir wat de Staat d'Suen ausgëtt. D'Politiker bräichte méi Courage fir Prioritéiten opzestellen an déi misst een dann dem Bierger gutt erklären.

Wieler hätt méi Versteesdemech wéi ee mengt

De Carlo Thelen mengt, datt de Bierger a speziell och de Wieler géif verstoen, datt et esou net kéint weidergoen. D'Leit wäre méi verständnisvoll, wéi ee mengt. Vun deem "ëmmer méi" misst ee fort. Soss wär an Zukunft de Lëtzebuerger Sozialmodell net méi ze finanzéieren.

D'Chambre de Commerce fuerdert e Reformpak fir d'Zukunft. De Staat misst besonnesch seng Ausgabe besser an de Grëff kréien, zum Beispill d'Fonctionnementskäschte beim Staat an och e Plaffong fir d'Ausgabe fixéieren. Lëtzebuerg misst nees méi Wirtschaftswuesstem kréien, dee géif zanter 5 Joer net méi duergoen.

Marlène Clement

Marlène Clement

Marlène Clement

Marlène Clement

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Et kéint een net jidderee "beglécken"

Allgemeng géif och ze vill mat der Strenz geschafft ginn. Et wär zwar schéin, datt jidderee géif "begléckt" ginn, onofhängeg vu sengem Revenu, mä dat wär haut net méi ze finanzéieren. Den Index sollt och reforméiert a gedeckelt ginn, fuerdert d'Chambre de Commerce scho méi laang. Den Triple A dierft Lëtzebuerg op kee Fall verléieren. Dee wier fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft a speziell de Finanzsecteur enorm wichteg.

Karenzdag fir Absenteismus an de Grëff ze kréien

E wichteg Punkt ass fir d'Handelskammer och weider den Absenteismus. Dee géif d'Betriber ganz vill Sue kaschten, 1,3 Milliarden Euro d'Joer huet de Generaldirekter virgerechent. Hie géif wëssen, datt dës Regierung näischt vun engem Karenzdag wëll wëssen, mä fir déi nächst Wale kéinten déi aner Parteie sech positionéieren. D'Chambre de Commerce fuerdert op d'mannst ee Karenzdag – datt een also op d'mannst um éischten Dag, wou ee krankheetsbedéngt net schaffe geet – keng Pai kritt. Ouni deen a méi streng Kontrolle wär den abusiven Absenteismus net an de Grëff ze kréien.

Den Avis vun der Chambre de Commerce

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab