Prozess géint Raver vun Hengescht: "Eng riseg Operatioun, wéi mer se nach ni bei der Police haten"
70 Europalette Material voll – dovun eleng 190 Lautsprecher, Stroumagregater, déi d'Creos géinge jalous maachen, Verstäerker, Mëschpulter, Bünenelementer, Luuchten, eng chemesch Toilette, eng Seefeblosemaschinn an esou weider huet d'Police d'lescht Joer Enn Juli saiséiert, wéi se déi net autoriséiert Rave-Party bei Hengescht opgeléist haten.
"Et war eng riseg Operatioun, wéi mer se nach ni bei der Police haten", sot de Commissaire en chef, deen deemools déi éischt Enquête op der Plaz iwwerholl hat.
D'Police huet d'Arméi misse froen, fir hinnen ze hëllefen alles an d'Fourrière op Suessem ze transportéieren.
Freides owes, de 25. Juli, géint 23 Auer, koumen déi éischt Meldungen, datt zu Hengescht an der Kierchestrooss aussergewéinlech vill Trafic wier an datt Camionen a Camionnettë Richtung Bësch gefuer sinn.
D'Police goung eng éischte Kéier op d'Plaz an huet eng onerlaabte Manifestatioun an enger Natura 2000 Schutzzon entdeckt, déi doriwwer eraus e Vulleschutzgebitt ass.
Eng ganz Partie Bünen, Zelter an Autoe stoungen do am Bauer Bob Simon senger Wiss. Deen hat säin Accord dofir net ginn.
Eng éischte Kéier, esou de Commissaire, goufen d'Leit opgefuerdert ze goen. Ma iwwert d'Nuecht gouf weider gefeiert an esouguer e Freedefeier lass gelooss.
Sou hat e Polizist, deen zoufälleg e Weekendhaischen op 400 Meter Loftlinn hat, ausgesot. Dee konnt déi ganz Nuecht net schlofen.
E weideren Zeien, dee véier Kilometer wäit ewech gewunnt huet, och net.
D'Proprietärin vun engem Camping an der Noperschaft huet festgestallt, datt Leit, riets ass vun enger 500, déi op der Party waren, Nuets iwwert hire Camping gaange sinn an deen als Toilette benotzt hunn.
Der Police mam Piratefändel gewénkt
Samschdes moies huet d'Police nach emol versicht, Kontakt mat den Organisateuren opzehuelen. Ma ronderëm d'Beamten, déi mat véier Autoen erof an d'Wiss gefuer sinn, war direkt eng Drauf Leit.
D'Beamten hu keng Organisateure fonnt, mee goufe verbal a mat Geste beleidegt, wéi de Commissaire en chef ausgesot huet. Et gouf Béier op si geschott.
"Si haten och e Schwäin a Policeuniform op engem Strack opgehaangen, fir ze weisen, wat si vun der Police halen", sou dem Commissaire seng Ausso. "Wéi se fortgefuer sinn, huet ee mam Piratefändel gewénkt."
Et gouf decidéiert, d'Party opzeléisen. Kuerz no 17 Auer huet d'Spezialunitéit nach emol iwwer Megafon op englesch eng Duerchso gemaach, datt d'Leit solle goen, well d'Party net autoriséiert wär an hinne gesot, wat d'Konsequenze wären.
Vill vun hinne wieren du gaangen, mee net alleguer. Dat wieren déi, déi elo viru Geriicht stéingen.
Beim Asaz ware 27 Patrullen aus dem ganze Land, Membere vun der Hondsstaffel, der Spezialunitéit a vun der Trupp, déi de Maintien de l'ordre mécht, mat gepanzerte Gefierer a Verkéierspolizisten dobäi.
Ronn honnert Beamte fir 500 Raver. Bei den däitsche Kolleegen hat een nach eng Hundertschaft a Waasserwerfer als Verstäerkung ugefrot, fir wann een de Raver net géing Meeschter ginn.
Wéi d'Plaz geraumt war, blouf "ee risege Knaschtkoup". De Bauer Simon huet mat Fräiwëllegen e Camion voll plus eng Camionnette un Dreckstuten, Matrassen a Frigoen agesammelt.
D'Ugeklote wollten dem Commissaire seng Aussoen awer net esou stoe loossen.
Si hätten einfach Zäit gebraucht, fir hir Saachen anzepaken, nodeems se gesot kruten, si misste goen. Anerer hu sech beklot, si wieren net fortkomm, well se am Stau stounge wéinst de Kontrollen, déi d'Police opgeriicht hat. Ee vun den Ugeklote stoung véier Stonnen an der Rei bis e kontrolléiert gouf.
D'Ugekloten am Sall hunn och ëmmer nees kontestéiert, datt d'Police hinne vu Freides owes u gesot hat, dass d'Party illegal wier a si goe missten.
Alles wat saiséiert gouf, ass viru Geriicht méticuléis opgezielt ginn. An alles wat viru Geriicht gezielt gouf, huet misse Saz fir Saz op hollännesch iwwersat ginn – d'Ugeklote schwätzen alleguer hollännesch oder flamännesch.
Eng laboriéis Affär, déi bei deem ville Material Stonne gedauert huet. D'Iwwersetzerinnen hu mam Vocabulaire fir Mëschpulter, Schalttafelen, Kabelen a Bünenelementer gekämpft.
Och fir d'Zeien an d'Ugeklote war et ustrengend. Dës hu sech deels nawell beschwéiert, datt d'Iwwersetzung net geklappt huet, wat zu Mëssverständnisser gefouert huet. D'Riichterin huet hiert Bescht versicht, d'Stëmmung am Raum positiv ze halen.
D'Polizistin, déi d'Enquête an der Suite iwwerholl hat, huet erkläert, d'Raver géifen zur Free-Tekno-for-Free-People-Beweegung gehéieren. Dat hätt awer net just eng musikalesch, mee och eng politesch Bedeitung. Et wier eng Liewensastellung, esou d'Polizistin.
Bei den Evenementer géing keen Entrée gefrot ginn, mee fräiwëlleg Donatioune wiere méiglech. Organiséiert ginn d'Partyen iwwert Chat-Applikatiounen. No an no kréiche se dann op sougenannten "Check Points" d'Koordinate matgedeelt fir a Richtung Party-Site virun ze fueren.
D'Leit géife sech ronderëm hir Sound Systemer zesumme fannen, déi Nimm, wéi zum Beispill "Sowieso Ungehorsam", "Unbegrenzt" oder e Stofftiger als Symbol hunn.
Oft géif een d'Dj's guer net gesinn, si stéinge mat hire Platinnen hannert de Lautsprecherwänn virun deenen d'Leit danzen. Si géifen hir Partien op ofgeleeëne Plazen organiséieren – dat Joer virdrun, am August 2024 haten si schonn emol um Stau e Weekend laang gefeiert, ouni, datt d'Party vun der Police opgeléist gi war.
Mee déi ofgeleeë Plaze géifen och den Ofstand zur Gesellschaft weisen. De Konsum vun Droge géif zur Musek dobäi gehéieren, sot d'Polizistin.
All dat géing de Mindset an d'Astellung vis-à-vis vun den Autoritéite weisen, esou d'Aussoo. D'Police géif als Aschränkung vun der perséinlecher Fräiheet wouergeholl ginn.
Mouken a Fräsche fannen hir Partner net
De Bauer Bob Simon selwer huet de Kaméidi nuets net héieren, well hien am Dall niewendru wunnt. Hie war zwar nom Weekend mat 20 Fräiwëllege botzen.
"Et waren iwwerall Fekalien an Inoxstécker. Déi kritt een net mat engem Metalldetekter eraus."
Hien huet déi Deeler vun der Weed, wou et erlaabt war, emgefräst an nei ugeplanzt. Bis d'Weed nees gewuess war, hat hien en dräifachen Ausfall vum Hee, dat hie soss fir seng Béischte gemaach huet.
Dat een net déi ganz Weed duerft fräsen, läit drun, datt se an der Natura 2000 Zon läit an och un e Naturschutzgebitt vu nationaler Importenz grenzt. E grenzt och un e Korridor fir d'Wëlldeieren, deen och vun der Wëllkaz benotzt gëtt.
An de leschte 15 Joer goufen 100 integral geschützten Deieraarten op der Plaz nogewisen an eng Dose geschützte Planzen an deene leschten 20 Joer. Esou d'Carole Back, Cheffin vun der Entité mobile vun der Natur an Ëmweltverwaltung.
Vigel a Fliedermais sot si, wieren immens sensibel op Kaméidi a kënschtlech Liicht. Dat wier an dësem Fall ëmsou méi kritesch, well am Juli déi jonk Villercher nach vun den Elteren ofhängeg sinn.
"Hei war iwwer 24 Stonne Kaméidi a Luucht, permanente Stress, se si fortgeflunn. Et ka sinn, datt se Näschter zeréck gelooss hunn a net erëm komm sinn."
Net ze schwätze vun de Fliedermais, déi sech iwwer hiren Echo orientéieren an deen duerch de Schall vun der Musek gestéiert war. Ma et wier fir all Déiere Stress.
"Mouken a Fräschen héieren hiert Quaken net. Si kënnen dann net kommunizéieren a fannen hir Partner net."
Ma och, datt sech déi Mass vu Leit iwwert 24 Stonnen op der Plaz erliichtert huet, wier sou no um Waasser, also der Our, e Probleem. Et stéing fir si ausser Fro, sou d'Zeien op Nofro vum Parquet, datt d'Party "e méi ewéi en negativen Impakt" op d'Deieren hir Liewensraim a Plazen hat.
De Prozess geet e Mëttwoch virun.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗