Informatesch Pann am Ettelbrécker Spidol: Technesche Feeler, keng Cyberattack

Informatesch Pann am Ettelbrécker Spidol: Technesche Feeler, keng Cyberattack

Eng informatesch Pann huet e Méindeg am Ettelbrécker Spidol derfir gesuergt, dass eng ganz Rëtsch Rendez-vouse fir Patienten ofgesot goufen.

Zanter e Méindeg den Owend leeft zwar alles nees normal, d'Ettelbrécker Spidol geet aktuell net vun enger Cyberattack aus, ma den Impakt war trotzdeem grouss:

150 ambulant Rendez-vousen huet d'Klinik missen ofsoen — haaptsächlech Rëntgen, Scanner an IRMen. Zwar konnten Noutoperatiounen duerchgefouert ginn, ma vun de geplangte 35 Agrëffer goufen der 20 annuléiert.

Vum Accueil, iwwert d'Patientendossieren, bis zur interner Kommunikatioun vu medezineschen Donnéeë leeft alles elektronesch.

Kee Risiko fir Patienten

Eng Klinik huet en Noutfallplang, e sougenannten "Business Continuity Plang", deen d'Viabilitéit vum Spidol garantéiert, ma all net-noutwenneg Behandlunge ginn dee Moment reduzéiert.

De Generaldirekter Dr. Paul Wirtgen erkläert:

"Deen ass esou isoléiert, dass deen net ausfält. Vun deem aus konnte mir d'Informatiounen um Pabeier erausginn. Duerno geet ee mam Pabeier op d'Unitéiten. D'Apdikt, wou soss mam Roboter Medikamenter preparéiert ginn, do gouf dat manuell gemaach an da kréien d'Infirmieren d'Medikamenter a well se den Dossier um Pabeier hunn, ginn dann d'Medikamenter normal verdeelt."

Dat alles kascht awer däitlech méi Zäit. Aus Suerg, am Noutfall net séier genuch kënnen ze schaffen, goufen d'Ambulanzen dowéinst e Méindeg an d'Stad deviéiert. De Generaldirekter ënnersträicht, dass doduerch awer keng zousätzlech Gefor fir d'Patiente bestanen hätt. Den Dispatching an d'Deviatioun vun den Ambulanze wier enk mam CGDIS ofgeschwat ginn, an a ganz dréngende Fäll géif et ëmmer nach den Helikopter ginn, do géif den Distanz-Ënnerscheed e puer Minutten ausmaachen.

Technesche Feeler, wuel keng Cyberattack

Mëttlerweil hätten d'Ekippen en technesche Problem als Ursaach fir d'Pann identifizéiert, erkläert den Dr. Paul Wirtgen:

"Mir hu gesinn an duerno confirméiert mat eisen externen technesche Partner, dass tëschent engem Datacenter, dee mir hei am Spidol zu Ettelbréck hunn an engem externen Datacenter, deen zur Sécherheet ausgelagert ass; dass tëscht deenen zwee Zentren d'Kommunikatiounsglasfaser net richteg funktionéiert huet."

Eng Cyberattack kéint ee relativ sécher ausschléissen.

Um Dënschdeg leeft am Ettelbrécker Spidol nees alles wéi gewinnt. Aktuell wier een amgaangen, déi vun den Annulatioune betraffe Patienten ze kontaktéieren, fir nei Rendez-vousen ze fixéieren.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab