Wéinst Äusserungen iwwer Israel: Vanessa Emde aus lénker Fraktioun zu Berlin ausgeschloss

D'Berliner Fraktioun vun "Die Linke" huet d'Vanessa Emde ausgeschloss. Beim entspriechende Vott, hunn en Dënschdeg 33 Deputéiert vun der lénker Fraktioun am Berliner Abgeordnetenhaus fir en Ausschloss vun der 45 Joer aler Politikerin gestëmmt. Dat war déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit.
D'Politikerin ass ëmstridden, ënner anerem wéinst hiren Äusserungen iwwer Israel. Vu verschiddene Säite gëtt hir Antisemitismus reprochéiert.
Zu Berlin verhandelen déi Lénk, d'SPD an déi Gréng de Moment iwwer eng Zesummenaarbecht. D'SPD an d'Grüne hate fir eng Koalitioun mat der "Linke" d'Konditioun gestallt, datt d'Emde ausgeschloss gëtt.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗