Am Kader vun Ugrëff op d'Ukrain: Russesch Dron a polnesche Loftraum agedrongen

E puer Deeg nodeems russesch Marschfluchkierper a Polen ageschloe sinn, mellen déi polnesch Autoritéiten elo, dass eng russesch Dron an de polnesche Loftraum agedronge wier. Deemno hätt eng russesch Dron am Kader vun den Attacken op d'Ukrain an der Nuecht op en Dënschdeg kuerzzäiteg de polnesche Loftraum penetréiert, sou de polnesche Militär en Dënschdeg an engem Schreiwes. Et hätt een d'Dron déi ganz Zäit via d'Loftiwwerwaachung beobacht an et hätt ee se och zum Ofschoss fräigi gehat. Nodeems d'Dron dunn hir Fluchrichtung geännert a sech Richtung Osten beweegt hätt, hätt ee sech schliisslech géint en Ofschoss decidéiert. Dat well, d'Stécker, déi erofgefall wieren, eng potenziell Gefor fir d'Zivilbevëlkerung duergestallt hätten.
Et géing een dovun ausgoen, dass Russland de polnesche Loftraum express violéiert hätt, sou de polnesche Vize-Verdeedegungsminister Pawel Zalewski géigeniwwer der privater Radioschaîne RMF 24. Dem zweete Vize-Defenseminister Stanislaw Wziatek no hätt et sech ëm eng Opklärungsdron gehandelt. Hien huet vun engem Akt vu Provokatioun geschwat.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗