Mesurë vum Drogendësch 2.0: Inneminister lueft Fläissaarbecht, LSAP schwätzt vu Repressioun

D'Bekämpfung vum Drogenhandel an der Kriminalitéit, d’Ënnersëtzung fir Leit, déi Droge konsuméieren an awer och eng besser Liewensqualitéit fir déi Leit, déi a Quartiere wunnen, wou et besonnesch vill Problemer duerch Droge gëtt. Dat sinn d'Ziler vum Drogendësch 2.0 an um Krautmaart waren en Dënschdeg de Mëtteg véier parlamentaresch Kommissiounen zesummen, wéi déi zoustänneg Ministeren den Tëschebilan presentéiert hunn. Den Innenminister Léon Gloden huet vun enger Fläissaarbecht geschwat, déi bis elo gemaach gi wier.

Am ganze ginn et 71 verschidde Moossnamen, dat sinn der 11 méi wéi am initiale Plang, deen am Mee zejoert virgestallt gi war.

De Léon Gloden sot, am leschte Joer wieren d’Arrestatiounen am Zesummenhang mat Drogen an der Regioun vun der Haaptstad ëm 17 Prozent erop gaangen. An deem selwechten Zäitraum wieren d’Infraktiounen am Zesummenhang mat Drogen ëm 15 Prozent zeréck gaangen. Dat wiere Resultater, déi géife weisen, datt Neel mat Käpp géife gemaach ginn an datt een um richtege Wee wier.

Vun deenen 71 Moossnamen wieren der 32 ëmgesat, 17 géife lafen, u 17 anere géif nach geplangt ginn a mat 5 Mesurë wier nach net ugefaange ginn.

Den Inneminister, d’Justizministesch, d’Ministesch fir Gesondheet a Securité sociale an de Familljeminister hunn op d’mannst en Deel vun deene Moossname presentéiert, fir déi hire Ministère zoustänneg ass an duerno haten d’Memberen aus der Kommissioun d’Wuert.

Als gréissten Oppositiounspartei huet d’LSAP virop kritiséiert, datt hei virun allem op Repressioun, amplaz op Preventioun géif gesat ginn, den CSV-Deputéierten a Stater Schäffe Laurent Mosar dogéint nennt et impressionnant, wat bis elo alles geschitt ass.

Méi Detailer gëtt et e Mëttwoch de Moien an eisen Neiegkeeten um Radio an op RTL.lu.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab