Asätz en Dënschdegmëtteg: CGDIS mellt Bränn a mobiller Toilette, Keller a Chalet an zwee Accidenter
D'Rettungsekippe vum CGDIS goufen en Dënschdeg op dräi Mol wéinst Bränn an zwee Mol wéinst Accidenter geruff.
Verëffentlecht: 24.11.26 18:00
Pedro Venâncio
Pedro Venâncio
Pedro Venâncio
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi de CGDIS schreift, si géint 11:32 Auer zu Leideleng an der Z.I. Grasbësch tëscht zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Stater Rettungsdéngschter versuergt.
E weideren Asaz fir d'Stater Rettungsekippe gouf et géint 13 Auer op der A1 Richtung Stad. Hei sinn zwee Autoen tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald net laanschtenee komm. Et blouf beim Materialschued.
Um Belval an der Rue de Hussigny hat et iwwerdeem kuerz viru 14 Auer an engem Chalet gebrannt. Och hei gouf kee blesséiert. D'Pompjeeë vum Zenter Suessem-Déifferdeng a vun Esch waren am Asaz.
E weidere Brand gouf et dann nach géint 15:27 Auer an der Rue des Capucins an engem Keller. Hei waren nach emol d'Stater Rettungsekippen op der Plaz.

Mobile Reporter

Mobile Reporter


The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Eng zéng Minutte méi spéit goufen d'Pompjeeë vum Réiserbann wéinst engem Feier an enger mobiller Toilette op d'Kockelscheier geruff. Och hei blouf et beim Materialschued.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗