All Woch en neien Episod: An der Animatiounsserie "3, 2, 1, GO!" entdecke fënnef Frënn déi positiv Säite vum Sport

Making Off: "3, 2, 1 – GO! Teamojo"

30 Leit hu méi ewéi zwee Joer un der neier Lëtzebuerger Animatiounsserie geschafft.

Et geet ëm sportlech Erausfuerderungen, Frëndschaft an Teamgeescht: An der Lëtzebuerger Animatiounsserie "3, 2, 1, GO!" ginn déi sportlech Aventurë vu fënnef Teenager erzielt, déi an all Episod eng nei Sportaart entdecken an ausprobéieren. Bei hiren Aventurë léiere si déi positiv Säite vum Sport kenne souwéi Ekippegeescht, Frëndschaft an iwwer sech erausgoen.

Um Enn vun all Folleg erziele sportlech Gäscht vun hiren Erfarungen an de jeeweilege Sportaarten. Am éischten Episod, dee schonn online ass, geet et ëm Badminton. Hei erzielt d'Kim Schmidt, wat hir Kraaft gëtt an deene schwéierste Momenter ni opzeginn.

Entdeckt all Sonndeg en neien Episod op RTL Play.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab