Déi zweetgréisst Gastronomie-Foire vun der Welt: De Magazin live vun der Expogast

En Dënschdeg mellt De Magazin sech direkt vun der Expogast, der zweetgréisster Gastronomie-Foire vun der Welt. Mir fänken d'Ambiance an a kucken, wat d'Gastronomie vu muer ze bidden huet.

De Loïc Juchem ass fir eis op der Foire ënnerwee a geheit ënner anerem e Bléck hannert d'Kulisse vum Restaurant des Nations, wou all Owend ronn 700 Gäscht zerwéiert ginn.

Dobäi schwätzt hie mat engem Schüler aus der Hotelschoul, deen do eng Hand mat upéckt, a mat engem Member vun der Jury.

Den Alain Hostert, Coordinateur vun der Expogast, erkläert am Gespréich mam Olivier Catani, wéi wichteg dëse Concours fir d'Gastronomie ass an op wat ee sech um leschten Dag nach freeë kann.

Do dernieft ware mir mat der Kamera op der neier Food-Truck-Competitioun, déi dëst Joer fir d'éischt organiséiert gëtt.

Mir hunn d'Ekippen, dorënner och Lëtzebuerger, an de stressege Momenter begleet.

A mir kucken an d'Zukunft: Wéi wäerte mir muer iessen? Vun alternative Proteinnen bis hin zu neie Liewensmëttel.

Dat alles en Dënschdeg am Magazin, live vun der Expogast!

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab