Police mellt Déifställ: Mann gëtt beim Klauen erwëscht a versicht nach op der Flucht eng Posch matgoen ze loossen

E Méindeg gouf der Police géint 23 Auer gemellt, datt e Mann e Vëlo zu Dikrech an der Rue des Remparts vun engem privaten Terrain geklaut hätt. De Verdächtege konnt kuerz drop vun enger Patrull gestallt ginn, de Vëlo wier dem Besëtzer scho virdrun zréck gi ginn, wéi d'Police an hirem Bulletin schreift. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Dee selwechten Dag géint 17 Auer ware Beamten um Boulevard Royal an der Stad op e Mann opmierksam ginn, deen op der Flucht war a virdru wéinst engem Déifstall gemellt gi war. Nom Déifstall hat ee Sécherheetsmataarbechter de Verdächtegen nach gestoppt, wouropshin dëse sech gewiert huet a geflücht ass. Dobäi war hien an eng Fra gerannt an hat probéiert, hir d'Posch ze klauen. D'Fra konnt dës awer festhalen, sou datt de Mann weider fortgelaf ass.

Eng Patrull konnt de Mann schlussendlech stoppen an ënner Kontroll bréngen. De Sécherheetsmataarbechter gouf beim Virfall um Knéi blesséiert a koum fir eng Kontroll an e Spidol. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. Weider Ermëttlunge goufen ageleet.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab