Um Schumannseck an zu Uespelt: Dräi Blesséierter bei zwee Accidenter um Dënschdeg de Moien
En Dënschdeg de Moien huet et um Schumannseck, tëscht Wolz an Noutem, géint 7:30 Auer gerabbelt. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz virun 8 Auer gouf et e weideren Accident, deen Ament zu Uespelt an der Fëlschdrefferstroosss. Och hei waren zwee Autoen anenee gerannt. Bei deem Accident goufen zwou Persoune verwonnt.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗