No Abroch bei der Police judiciaire: Presuméierten Täter (31 Joer) bei Kontroll zu Paräis gepëtzt

No engem Abroch an d'Raimlechkeete vun der Police judiciaire op der Kalchesbréck an der Nuecht vum 16. op de 17. November hat de Parquet direkt eng Enquête lancéiert. Duerch d'Spueren an d'Beweiser um Tatort konnt e Verdächtegen identifizéiert ginn.
Am Kader vun den Ermëttlunge gouf géint dee Mann en europäeschen Haftbefeel ausgestallt. Hie gouf e Samschdegowend zu Paräis vun der franséischer Police kontrolléiert. Dobäi ass festgestallt ginn, datt hien duerch d'lëtzebuergesch Justiz gesicht gëtt. Hie gouf doropshi festgeholl.
RTL krut confirméiert, dass et sech ëm e Mann vun 31 Joer handelt, an dass keng vun de geklaute Saache bei him fonnt goufen. Beim Abroch soll de Mann nämlech eng Schoss-Waff a Munitioun geklaut hunn. Déi hat hie bei senger Verhaftung awer net derbäi.
Déi lëtzebuergesch an déi franséisch Autoritéite schaffen elo zesummen, fir de Verdächtegen op Lëtzebuerg ze iwwerstellen. D'Enquête leeft weider, fir déi genee Ëmstänn vum Abroch opzeklären. Wéi ëmmer gëllt d'Presomptioun d'innocence, bis en definitiivt Geriichtsurteel virläit.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗