Screen-Life-Balance: Mat méi strenge Reegelen am Lycée an doheem si Jonker manner um Handy

Am Juli 2026 huet den nationalen Observatoire fir Kanner, Jugend a Schoulqualitéit OEJQS eng Ëmfro bei Lycéesschüler zu hirem Bildschierm-Konsum gemaach. Éischt Resultater aus deem Sondage sinn en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert ginn.

1 vu 4 Jugendlechen huet ausserhalb vun der Schoulzäit eng Bildschiermzäit vu méi wéi 5 Stonnen. De Gros vun där Zäit verbrénge si op de soziale Medien.

Den Educatiounsministère hat jo decidéiert, datt den Handykonsum an der Schoul muss ageschränkt ginn. D'Lycéeë konnten dat awer individuell ëmsetzen. Nëmme 5 Lycéeën hunn den Handy wärend de Schoulzäite komplett verbueden. 6 Lycéeën hunn decidéiert, datt d'Handye just an de Klasse wärend de Schoulstonne verbuede sinn. Déi meescht Schoule leien deemno dotëscht, mat Restriktiounen, déi iwwer d‘Schoulstonnen erausginn, ma wou déi Jonk den Handy net de ganzen Dag an der Schoul mussen ewechleeën.

Bei der Ëmfro, déi vu knapp 4.400 Jonken ausgefëllt gouf, ass och erauskomm, datt Lycéesschüler aus den ënneschte Klassen e bësse manner um Handy sinn, wéi hir méi eeler Komeroden. An awer sinn och bei de Schüler vu 7e bis 5e, knapp 6 Prozent méi wéi 8 Stonnen um Ecran.

Déi sozial Medie friessen dobäi déi meeschten Zäit. Quasi ee Véierel vun de Schüler ass ausserhalb vun de Schoulstonne 4 Stonnen oder méi op de soziale Medien ënnerwee. Nëmme 6,8 Prozent si guer net op Social Media.

Virun allem sozial Medie maache süchteg

Suerge mécht och de Constat, datt vill Jonker sech zwar bewosst sinn, datt dee ville Konsum net gutt fir si ass, ma si scho bal net méi drop verzichte kënnen. Ee vu 5 Lycéesschüler hunn uginn, datt si Schwieregkeeten hunn, vun de soziale Medien erëm fortzegoen an opzehalen ze scrollen. Een Drëttel huet esouguer behaapt, süchteg nom Smartphone ze sinn.

Grad dowéinst bräicht et Plazen a Momenter "wou de Smartphone muss op d‘Säit geluecht ginn“, esou den Educatiounsminister. Do "wou si och erëm eng Kéier e ganz normaalt soziaalt Liewen mat de Frënn, mat aneren Aktivitéiten, Sport, Kreativitéit an esou weider, kënne liewen, fir de Wäert dovunner kënnen ze schätzen".

Eng änlech Evolutioun wéi bei de soziale Medien, gesäit den OEJQS beim Benotze vu Kënschtlecher Intelligenz. Och hei géif et eng Tendenz ginn, datt KI benotzt gëtt, obschonn een dat net wierklech wëll. Suerge mécht hei virun allem de Fait, datt ëmmer méi Jonker d'KI notzen, fir mat engem kënnen ze schwätzen, virop Meedercher.

Restriktiounen hëllefen

D'Bildschiermzäit ass allgemeng héich, ma et schéngt e Lien tëscht méi strenge Reegelen an der Schoul an Doheem ze ginn, an dem Konsum ausserhalb vun der Schoul. Jonker, déi méi wéi 5 Stonnen um Handy sinn, sinn nämlech méi dacks an deene Lycéeën, wou wéineg Restriktioune gëllen. Schüler aus méi streng reguléierte Lycéeë kucke manner wéi 3 Stonnen op en Ecran.

Den OEJQS huet och gefrot ob Doheem Reegele gëllen, wat d'Bildschiermzäit ugeet. An och hei ass erauskomm, datt Jonker ouni Encadrement Doheem wesentlech méi Screentime hunn an och méi sozial Medien a KI benotzen.

Och wann duerch dës Etüd kee kausale Lien kann opgestallt ginn, ass den OEJQS iwwerzeegt, datt Restriktiounen a Konsum zesummenhänken. Den Educatiounsminister Claude Meisch fillt sech doduerch a senger Initiativ bestäerkt, fir den Handy fir Jonker bis op 5e an der Schoul komplett ze verbidden.

Reegelen op europäeschem Plang gefuerdert

D'Deputéiert ware sech eens, datt onbedéngt op europäeschem Niveau musse Reegele kommen, notamment wat de Konsum vu soziale Medien ugeet. "Reegele schützen", esou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques. "Mir hunn e Probleem an dee musse mir elo endlech eescht huelen."

Dem LSAP-Deputéierte Ben Polidori no misst eng Diskussioun doriwwer gefouert ginn, wat Ecranen mat der Gesondheet vu Jonke maachen an dann och Konsequenzen doraus zéien. Hie vergläicht de Phenomen mam Tubak. Do hätt et och eng Zäit gedauert, bis etabléiert gewiescht wier, wéi schiedlech dee fir d‘Gesondheet ass, an du wier eréischt um gesetzleche Plang reagéiert ginn.

Der Djuna Bernard vun déi gréng no, wier et wichteg den Eltere kloer ze maachen, wéi vill Afloss si als Virbild fir hir Kanner hunn. "Et ass eng gesellschaftlech Problematik, wou een, menger Meenung no, net just d‘Kanner dierf culpabiliséieren." Wann d‘Elteren et géife virliewen, wier et ganz normal, datt d‘Kanner dat nomaachen.

2027 gëtt eng weider Etüd zum Theema Screen-Life-Balance vum OEJQS gemaach.

Den OEJQS-Sondage 2026

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab