Finanzéierung vun der Nordstadfusioun: Deeler vum Ierpeldenger Gemengerot fuerderen op alle Fall e Referendum

Nordstadfusioun am Ierpeldenger Gemengerot / Reportage Marc Hoscheid
Kréien déi véier Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren am Fall vun enger Fusioun déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat, déi se fuerderen? A wat geschitt, wann et manner Sue gëtt? Doriwwer gouf e Méindeg den Owend am Ierpeldenger Gemengerot diskutéiert.
10.000 Euro pro Awunner, dat ass d'Fuerderung vun deene véier Nordstadgemengen, bei der aktueller Awunnerzuel géing dat ronn 220 Milliounen Euro ausmaachen. Ma geet de Staat dorobber an? Dat wollt de Conseiller Laurent Lacour wëssen. De Buergermeeschter Claude Gleis sot, et wier nach näischt decidéiert, Mëtt Dezember kritt een eng definitiv Äntwert a mat där Propos géing een Ufank vum nächste Joer dann an d'Conseile goen. An enger Resolutioun, déi am Juni an deene véier Gemengeréit ugeholl gi war, gëtt a Fro gestallt, ob een d'Fusioun virundreiwe soll, wann déi finanziell Fuerderung net erfëllt gëtt. De Conseiller Giovanni Ferigo hat déi Resolutioun net matgedroen an huet elo nees ënnerstrach, datt hien op e Referendum besteet.
"Ech fannen et löblech, déi Zomm Geld ze froen, ass och berechtegt, awer fir dovunner da rëm ee Referendum ofhängeg ze maachen. Ech sinn nach wie vor der Meenung, et ass lancéiert, d'Leit erwaarde sech, datt se kënnen ofstëmmen a wann eppes um Dësch läit, da läit eppes um Dësch a wann näischt um Dësch läit, dann ass et um Bierger, fir ze decidéieren."
Ënnerstëtzung krut hien dobäi vum Schäffe Frank Kuffer.
"Mir hunn am Fong de Leit ee Referendum versprach, d'Leit hu beim leschte Referendum ee Referendum gefuerdert vun eis. Also ech wäert fir dee Referendum bleiwen, esouguer wann d'Propose net dat ass, wat mir eis erwaarden. An déi 10.000 Euro, dat hat ech schonn deemools gesot, hätt ech net esou drageschriwwen, well deen Accord sech herno och anescht kann zesummesetzen. A wa mer herno op deenen 10.000 Euro ronderëmreiden, ech mengen net, datt mer déi kréien, mee mir kréie se vläicht op eng aner Manéier."
Den Inneminister Léon Gloden hat rezent vis-à-vis vun RTL gesot, d'Nordstadgemengen hätte mat hirer Fuerderung ganz héich gegraff an et misst ee sech als Staat der Decken no strecken, mee hie wier sécher, datt een een Accord fanne géing.
Sollten d'Gemengeréit Ufank vum nächste Joer vir ee Referendum stëmmen, dann dierft dee wuel am Oktober oder November ofgehale ginn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗