Neie Rekordwäert fir 2025: Ronn 280.000 Fäll vun haislecher Gewalt an Däitschland

Bei de gemellte Fäll vun haislecher Gewalt ass an Däitschland en neie Rekordwäert erreecht ginn. D'Bundesregierung an d'Bundeskriminalamt hunn en Dënschdeg matgedeelt, dass 2025 am Ganzen 280.129 Persounen Affer vun haislecher Gewalt gi sinn. Dat waren 2,8 Prozent méi wéi d'Joer virdrun. A 70,6 Prozent vun de Fäll waren d'Affer Fraen a Meedercher - knapp d'Hallschent dovu ware méi jonk wéi 18 Joer.
Entgéint dem allgemengen Trend bei Gewaltkriminalitéit wieren an allen Deliktberäicher d'Zuele geklommen, sou d'Fraen- a Familljeministesch Karin Prien zu Berlin bei der Presentatioun vun den Zuelen. Si huet gewarnt, dass et sech ëm e gesellschaftleche Problem géing handelen, bei deem et keng Gewunnecht dierft ginn. Den Inneminister Alexander Dobrindt huet d'Chifferen als "zudéifst schockéierend" bezeechent.
Aus den Datë geet ervir, dass 292 vun den Affer ëm d'Liewe komm sinn, 209 dovu ware weiblech. Bei de presuméierten Täter ware 75,3 Prozent männlech. Déi meescht Betraffe waren Affer vu Gewalt an der Partnerschaft (64,2 Prozent). Bei 42,8 Prozent vun de Fäll war den Täter en Ex-Partner. Gewalt bannent der Famill gouf et an 35,8 Prozent vun de Virfäll.
D'Justizministesch Stefanie Hubig geet bei haislecher Gewalt vun enger extrem héijer Donkelziffer aus. Dobäi géingen dacks Ängschte wéinst der familiärer Situatioun eng Roll spillen. D'Bereetschaft, Virfäll ze mellen, misst klammen. Ausserdeem géingen och d'Entwécklungen am digitale Beräich erschreckend klammen - d'Karin Prien schwätzt vu 85 Fäll den Dag.
Den Alexander Dobrindt huet drop higewisen, dass Net-Däitscher bei den Affer a bei de presuméierten Täter, gemooss un der Populatioun, iwwerrepresentéiert wieren. Dat hätt "ganz staark eppes mat kulturelle Situatiounen a meng enger vermeintlecher Dominanz vum männleche Geschlecht ze dinn", déi ausgelieft géing ginn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗