Déidlech Schëss op Jugendlechen: Franséische Polizist muss sech wéinst Mord viru Geriicht veräntweren

E franséische Polizist muss sech wéinst Mord viru Geriicht veräntweren, well hien am Summer 2023 e 17 Joer ale Jugendlechen erschoss soll hunn. Dat huet en Appellsgeriicht zu Versailles en Dënschdeg decidéiert.

Am Mäerz hat d'Appellsgeriicht nach decidéiert, datt de Polizist sech wéinst Kierperverletzung mat Doudesfolleg misst veräntweren. Dat iewescht Appellsgeriicht hat dës Decisioun awer opgehuewen.

Am Fall vun enger Verurteelung wéinst Mord riskéiert de Polizist bis zu 30 Joer Prisong. Bei enger Kierperverletzung mat Doudesfolleg wieren et bis zu 15 Joer gewiescht. D'Affekote vum Polizist hunn ugekënnegt, nees géint d'Decisioun virzegoen.

Videoopname vum déidleche Virfall hate fir e grousse Schock a Frankräich gesuergt. De 17 Joer ale Jong war ouni Führerschäin mat engem Mercedes ënnerwee, wéi hie vun der Police kontrolléiert gouf. Wéi den Auto sech a Beweegung gesat huet, huet de Polizist geschoss an de Jugendlechen déidlech an d'Broscht getraff.

Bei den Onrouen, déi doropshi am Summer 2023 a ganz Frankräich ausgebrach waren, ware knapp 3.500 Persounen festgeholl ginn. Méi wéi 12.000 Gefierer waren ausgebrannt a ronn 1.100 Gebaier goufe beschiedegt. De franséische President Emmanuel Macron hat deemools wéinst den Ausschreidungen och eng Staatsvisitt an Däitschland verréckelt.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab