D'Geschicht vun der Fotografie: Vun der éischter Foto bis haut
D'Geschicht vun der Fotografie
Mir huelen Iech mat an d'Geschicht vun der Fotografie. Vun der éischter Foto 1826 bis haut.
D'Geschicht vun der Fotografie féiert eis zeréck un den Ufank vum 19. Joerhonnert. Déi eelsten erhale Foto gouf 1826 vum Fransous Joseph Niépce gemaach a weist den Ausbléck aus sengem Büro. D'Heliographie hat eng Beliichtungszäit vun 8 Stonnen a gouf mat enger Camera Obscura gemaach.
A sengen Ufäng sollt d'Fotografie virun allem d'Realitéit festhalen an dat esou genau wéi méiglech. Wéi d'Zäit vun der Beliichtung vu Fotoen dunn an den 1840er Joren op just nach 45 Sekonne reduzéiert gouf, sinn och ëmmer méi Portraite gemaach ginn an d'Fotografie huet sech an e Medium entwéckelt, fir Persounen an Erënnerunge festzehalen.
Iwwert d'Joerzéngten duerno huet sech d'Technik lues a lues verbessert a Fotografen hunn ugefaangen, mat Fokus, Kompositiounen an der Luucht z'experimentéieren, fir net méi just d'Realitéit, mee och Emotiounen zum Ausdrock ze bréngen.
Am Ufank vum 20. Joerhonnert, wou och déi éischt mobil Fotosapparater entwéckelt goufen, huet sech d'Fotografie du fir d‘éischt als Konschtform etabléiert. Hei goufen et zwou Haaptstréimungen - de Piktorialismus an de Modernismus. Wärend déi eng versicht hunn, Fotoen ze maachen, déi méiglechst no u gemoolte Biller waren, sinn déi aner an eng abstrakt Richtung gaangen.
Gläichzäiteg ass och d'Dokumentarfotografie opkomm, déi Leit an Alldagssituatioune weise sollt.
An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert gëtt et endlech méi faarweg. D'Faarffoto gouf zwar schonn 1861 entdeckt, ma esou richteg benotzt gouf se awer eréischt vill Joren duerno. Hei sinn och ëmmer méi Moude-, Reklamms- a Konzeptfotoen entstanen, déi mat traditionelle Virstellunge vun der Fotografie brieche sollten.
Esou ass d'Entwécklung ëmmer weider gaangen an duerch Smartphones an den Internet ass d'Fotografie haut en Deel vun eisem Alldag ginn. Et ass e Wee, fir zu all Moment all méiglecht Motiv digital festzehalen a mat de Mënschen ëm eis ze deelen, sief et an engem Fotosalbum, op de soziale Medien oder an enger Galerie.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗