FGFC fuerdert Transparenz: Rout Kräiz wëll sech aus den Offices sociaux zeréckzéien
D'Rout Kräiz wëll sech aus den Offices sociaux zeréck zéien. Dorop mécht de Syndikat FGFC opmierksam a publizéiert entspriechend Dokumenter. D'Responsabilitéit soll an Zukunft ganz bei de Verwaltungsréit vun de Soziaiolbüroe leien.
Am Schreiwes heescht et, datt d'Offices sociaux entretemps déi néideg Kompetenzen a Responsabilitéiten hätten, fir sech selwer ze geréieren.
D'Gemenge-Gewerkschaft mécht sech Suergen, verlaangt Transparenz a stellt eng Rei Froen. Ënner anerem déi, firwat den externe Partner dës Decisioun no 15 Joer hëlt.
D'Croix-Rouge huet 13 vun 30 Büroe co-geréiert.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗