Statec: Resilienzpak bremst d'Inflatioun a verréckelt den Index

De Resilienzpak huet d'Inflatioun zanter August ëm ronn 0,7 Prozentpunkten erofgedréckt. Déi staatlech Mesurë suergen awer och dofir, datt déi nächst Indextranche e puer Méint méi spéit erfält. Ouni d'Hëllefe wier dës nach dëst Joer fälleg gewiescht, elo rechent de Statec eréischt am zweeten Trimester 2027 domat.
Dat geet aus dem neie Konjunktur-Flash vum Statec ervir. Duerch d'Verlängerung vun den Hëllefe soll d'Inflatioun 2027 bei 2,5 Prozent leien an domat ëm 0,4 Prozentpunkte méi niddereg ausfalen ewéi ouni déi staatlech Mesuren.
D'Präisreduktioune beim Stroum, Gas a Masutt gëllen nach bis Enn 2027, déi vu fënnef Cent pro Liter um Bensinn an Diesel dogéint just bis Enn Februar 2027.
Trotz den Hëllefe bleiwen d'Energiepräisser héich. Am Oktober war de Masutt 68 Prozent méi deier ewéi nach am Januar, beim Diesel waren et 47 Prozent.
D'Verlängerung vum Resilienzpak dierft verhënneren, datt 2027 eng zweet Indextranche erfält. Déi iwwernächst Tranche gëtt aktuell fir den zweeten Trimester 2028 erwaart. Duerch d'Auslafe vun den Hëllefe soll d'Inflatioun och 2028 bei 2,5 Prozent leien.
D'Mesurë verréckelen deemno en Deel vun der Inflatioun, ouni déi insgesamt geklomme Präisser tëscht 2026 an 2028 wesentlech ze reduzéieren.
De Konjunktur-Flash vum Statec.pdf
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗