Kalifornien: Extreemt Héichwaasser erwaart fir Thanksgiving

Extreemt Héichwaasser a Kalifornien erwaart fir Thanksgiving

Am Weste vun den USA preparéieren se sech op Stuerm a héich Wellen. Fir vill Leit kéint et dëst Joer en ongemittleche Thanksgiving ginn.

Kalifornien preparéiert sech op Iwwerschwemmungen. An der Bucht vu San Francisco gëtt fir e Mëttwoch eng Flut vun iwwert engem Meter iwwer Normal erwaart. Dat wier den héchste Stand zanter 1983, sou d'Meteorologen, déi Iwwerschwemmunge bis zum Fluchhafen net ausschléisse wëllen.

D'Autoritéiten hunn d'Awunner opgeruff, hir Reespläng fir de laange Weekend ronderëm Thanksgiving z'iwwerdenken. D'Lag wier eescht, sou de Buergermeeschter vu San Francisco Daniel Lurie. Reesen, déi net absolut noutwenneg wieren, sollen ofgesot ginn. Bis nächste Sonndeg wier mat héije Wellen a Gefor un de Stränn ze rechnen.

Och de Süde vum US-Bundesstaat geet dovun aus, dass déi aktuell Konstellatioun vun Äerd, Mound a Sonn zu aussergewéinlech staarker Ebbe a Flut féiert. Dobäi kommen déi méi héich Temperaturen op der Surface vum Pazifik, bedéngt duerch de Phenomen El Niño an den doduerch méi héije Waasserstand. Laanscht déi ganz Küst vu Kalifornien gëtt sech op d'Welle preparéiert.

Beim schlëmmsten Héichwaasser a Kalifornien war d'Waasser am Januar 1983 bis op ronn 2,6 Meter iwwer Normal geklommen an hat fir Schied an Héicht vun Honnerte Milliounen Dollar gesuergt.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab