Futtis Broschtimplantater: Geriicht widdersprécht dem Refus vun der CNS an ordonéiert e Remboursement

Futtis Broschtimplantater: Geriicht widdersprécht dem Refus vun der CNS an ordonéiert e Remboursement.

9 Joer no enger Mastektomie an der Reconstructioun vun hirer Broscht weisen IRM-Biller vun enger Kriibspatientin, dass ee Silikon-Implantat defekt ass.

Broschtkriibs ass zu Lëtzebuerg bei Fraen déi heefegst Zort Kriibs. Zu enger Behandlung gehéieren dacks eng Mastektomie an eng Broscht-Rekonstruktioun.

Dass Silikon-Implantater net éiweg halen, ass gewosst. D'Krankekeess iwwerhëlt à priori och d'Prise en charge, wann an esou engem Fall weider Interventiounen néideg sinn.

Dass bei der Interpretatioun vun deem sougenannten "utile et nécessaire" och falsch Decisioune kënne geholl ginn an, dass een hei als concernéiert Fra net just géint eng Krankheet ze kämpfen huet, ass eng Erfarung, déi net just d'Anne-Marie Reiser mécht.

Nom Kampf géint Broschtkriibs – e Kampf géint d'Krankekeess

D'Diagnos "Broschtkriibs" krut d'Anne-Marie Reiser 2017. Sou wéi 481 aner Fraen an deem Joer. D'Anne-Marie gëtt dem Kriibs Meeschter, kämpft dofir haut awer géint zwee Refuse vun der CNS – a krut Recht vum Conseil Arbitral, also dem Geriicht vun der Securité Sociale.

Mee fänke mer vir un: 9 Joer no hirer Mastektomie an der Reconstructioun vu béide Brëscht gesäit den Dokter um IRM, dass eent vun de Silikon-Implantater net méi intakt ass.

Just nach d'Verkapselung, also déi dënn Gewebe-Schicht, déi sech ronderëm de Friemkierper gebilt huet, verhënnert en Auslafe vum Silikon. Fir d'Krankekeess, respektiv de Contrôle médical, ass eng Interventioun hei weder "utile, nach nécessaire".

De Contrôle médical freet Beweiser

Dëse Saz aus dem offizielle Schreiwes schockéiert. Si bräichten Dokumenter déi weisen "en quoi une rupture intracapsulaire de cette prothèse représente-t-elle un danger pour la santé de la personne protégée".

Si wollt net méi waarden, mee dat futtist Implantat aus hirem Kierper eraus hunn. Si léisst sech ouni de Go vun der CNS operéieren. Silikon bléift dem Chirurg un den Händsche pechen. Déi aner Broscht gouf anengems gemaach – och dat Implantat war net méi intakt.

D'Patientin bezilt aus eegener Täsch ronn 9.000 Euro. Plus Affekot.

6 Méint nom Geriichtsurteel koum elo de Bescheed: d'CNS rembourséiert, allerdéngs just déi éischt Broscht. Déi aner Säit ass fir d'CNS eng Schéinheetsoperatioun.

Wat si erlieft huet, soll kenger anerer Fra méi geschéien

Als Kriibspatientin mat geneteschen Antecedante krut d'Anne-Marie also d'Urgence vun enger OP oferkannt. Si wiert sech. Fir hir Duechteren a fir aner Fraen an hirer Situatioun.

Wéi d'Ministesch op dëse Fall an och op d'Kriticke vun der Patientevertriedung an Europa Donna reagéiert, leeft en Dënschdeg op RTL am Journal.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab