Zwee Accidenter an e Brand: De CGDIS mellt zwee Blesséierter no Accidenter op der N7, respektiv zu Péiteng
E Méindeg den Owend géint 18:50 Auer ass tëscht Houschent an der Houschter Déckt en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Eng Persoun gouf beim Accident verwonnt.
Kuerz no 22 Auer sinn zu Péiteng an der Route de Luxembourg zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.
Bei engem Brand géint 21:30 Auer zu Krautem an der Rue Paul Goedert blouf et beim Materialschued.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗