Protester an der Belsch: Fluchlotse kéinten am Dezember a Januar d'Aarbecht eng weider Kéier néierleeën

Bei eisen Noperen hu vill Leit den 23. November d'Aarbecht néiergeluecht a si géint d'Regierung an d'Aarbechtskonditiounen op d'Strooss gaangen.

Nom landeswäite Protestdag an der Belsch e Méindeg ass de Risk vu weidere Streiken nach net vum Dësch. De Syndikat vun de Fluchlotse Skeyes huet nämlech schonn e nächste Preavis fir e Streik deposéiert. Mat konkreten Aktioune wier tëscht dem 9. Dezember an dem 9. Januar ze rechnen, wann et bis dohi keen Accord mam Patron gëtt.

Protester an der Belsch

Zéngdausende Leit ware bei eisen Noperen en Dënschdeg op d'Strooss gaangen.

Bei Skeyes ass een iwwerhaapt net mam Sozialdialog zefridden an och d'Schaff- a Rouzäite suerge weider fir eng schlecht Stëmmung tëscht Mataarbechter a Patron. Dat wieren alles Diskussiounen, déi elo zanter Jore géife schleefen.

E Méindeg war bis an den Owend eran an der ganzer Belsch jo scho kee Fliger gestart oder gelant. Eleng zu Bréissel ware 70.000 Leit op der Strooss fir géint d'Regierungspolitik vum Premier Baart de Wever ze protestéieren. Dee war e Méindeg nees beim Kinnek Phillippe an huet dono annoncéiert, op dem 31. Dezember zeréckzetrieden, sollt bis dohinner kee Budgetsaccord fonnt sinn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab