Diesel-Affär an Tarif-Verhandlungen: 7 Leit, déi bei VW an der Chef-Etage waren, musse sech viru Geriicht veräntweren
Parallel dozou ass et och den Optakt vun Tarif-Verhandlungen, déi vun annoncéierte Maniffe wäerte begleet sinn.
Verëffentlecht: 24.11.26 06:26, Update: 24.11.26 10:31

7 fréier Leit aus der Chef-Etage vu VW sti vun dësem Dënschdeg un zu Braunschweig viru Geriicht. Et ass de mëttlerweil 5. Bedruchsprozess an der sougenannter Diesel-Affär, méi wéi 11 Joer, nodeems Manipulatioune mat den Ofgaswäerter am VW-Grupp opgedeckt gi waren.
Parallel fänke bei VW sougenannt Tarif-Verhandlungen u fir méi wéi 120.000 Mataarbechter. Diskussiounen, déi immens schwiereg wäerte ginn. D'lescht Woch hat d'Direktioun schonns hir Fuerderunge public gemaach. Nieft Nullronne bei der Pai hätt een och gär méi laang Aarbechtswochen. D'Gewerkschaft IG-Metall hat dono vun engem Horror-Katalog geschwat an huet fir dësen Dënschdeg schonn zu Maniffen opgeruff.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗