European Testing Week: Sexuell iwwerdrobar Krankheeten andämmen

European Testing Week: Sexuell iwwerdrobar Krankheeten andämmen

Op ville Plazen am Land kann ee sech gratis an anonym op HIV, Hepatite C, Syphilis, Chlamydien a Gonokokken teste loossen.

Ee mobillen HIV-Testzentrum, deen eraus bei d'Leit fiert. Dat ass d'Konzept vun der DIMPS Camionnette vun der HIV-Berodung vum Roude Kräiz.

E Méindeg stoung se iwwer d’Mëttesstonn um Campus Belval. A manner wéi enger Véirelstonn kann een sech hei gratis an anonym op HIV, Syphilis an Hepatite C teste loossen. Eng Pick an de Fanger, kuerz drop ass d’Resultat schonn do. Virdrun awer gëtt iwwer ee Froebou ermëttelt, zu wéi engem Risikogrupp ee gehéiert a wéi eng Tester deemno Sënn maachen, erkläert d'Johanna Simon, Psychologin vun der HIV-Berodung.

Ween ongeschützte Sex mat verschiddene Persounen huet, grad wéi Leit, déi Droge consomméieren, si méi exposéiert. Mee eigentlech sollt jidderee sech teste loosse, fënnt d'Psychologin.

“Well et kann een net wëssen, wat säi Status ass, wann ee sech net teste gelooss huet.”

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

HIV-Infektioun haut am probabelste bei heterosexuelle Kontakter

Zanter Jore schonn ass d'Zuel vun neien HIV-Infektioune réckleefeg bei Persounen, déi Droge consomméieren a bei Männer, déi mat anere Männer verkéieren. Am probabelsten ass haut eng Infektioun duerch heterosexuell Kontakter, schreift de Gesondheetsministère an engem Communiqué am Kader vun der European Testing Week.

Kritt een ee positiivt Test-Resultat beim Dimps, ass et méiglech, fir direkt op der Plaz nach eng Bluttanalys ze maachen, duerno gëtt ee bei den Dokter geschéckt. Och gëtt een direkt op der Plaz scho psychologesch betreit. D'Diagnos HIV+ wär haut nach ëmmer mat vill Stigma verbonnen, seet d'Johanna Simon.

“Natierlech, et kann een net dovunner heelen, mee et kann ee mat Medikamenter rëm een - ech soe mol ënner guillemets 'nees een normaalt Liewe féieren' - also och ongeschützte Sex hunn, wann een dann indetectable ass.”

Zejoert si manner sexuell iwwerdrobar Krankheeten zu Lëtzebuerg diagnostizéiert ginn. D'Zuel vun Diagnosen hänkt awer och vum Depistage of. Et geet een dovunner aus, datt eng 100 Persounen am Land HIV + sinn, ouni et ze wëssen.

Bei der europäescher Test-Woch maachen och d'Laboratoirë mat. Nieft HIV, Syphilis an Hepatite C kann ee sech do och op Chlamydien a Gonokokken teste loossen.

D'Rendez-vousen tëscht dem 23. an dem 30. November, déi de Gesondheetsministère matgedeelt huet:

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab