Fro den Affekot: Wie kritt de Mupp? A wat geschitt mat den Hochzäitskaddoen?

D'Hochzäit gëllt als dee schéinsten Dag am Liewe vun enger Koppel. Wann d'Relatioun auserneegeet, da bleift net nëmmen d'Péng, mee och d'Fro: Wat geschitt mat allem, wat ee sech zesummen opgebaut oder geschenkt kritt huet?

Verëffentlecht: 24.11.26 09:02, Update: 24.11.26 09:09

Doriwwer huet den Affekot Jean-Jacques Schonckert am RTL Wecker geschwat. Bei Hochzäitskaddoe gëllt am Fong e ganz einfache Prinzip: E Kaddo ass e Kaddo. Wann eppes verschenkt gouf, kann een et net einfach zeréckfuerderen, just well d'Relatioun eriwwer ass. Dat gëllt och fir Suen, en Auto oder Bijouen, déi ee sengem Partner geschenkt huet.

Awer net alles léisst sech esou einfach opdeelen. Besonnesch emotional gëtt et dacks beim Hausdéier. E Mupp oder eng Kaz kann een eben net duerch zwee deelen. Hei gëtt gekuckt, wie sech am Alldag ëm d'Déier gekëmmert huet: Wien ass spadséiere gaangen? Wien ass beim Veterinär gewiescht? Wien huet d'Verantwortung iwwerholl?

An och wann esou Fäll heiansdo souguer viru Geriicht landen, bleift fir de Maître Schonckert eng Saach déi wichtegst: Matenee schwätzen. Well am Sträit geet et dacks net méi ëm d'Déier oder d'Saachen selwer, mee just nach drëm, Recht ze kréien.

An do ass Mediatioun dacks dee beschte Wee, fir eng Léisung ze fannen, mat där um Enn jidderee liewe kann.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab