No Tëschefall mat russesche Fluchkierper: NATO wëll Opklärungsfliger a Polen stationéieren

D'NATO wäert Polen en Awacs-Opklärungsfliger zur Verfügung stellen. Dat sot de stellvertriedende polnesche Verdeedegungsminister Pawel Zalewski e Méindeg no engem NATO-Treffen zu Bréissel, bei deem hie wéinst den Tëschefäll mat russesche Dronen a Rakéiten Hëllef vun der Allianz duerch eng Verstäerkung vun der Loftdefense gefrot huet. Eng Spriecherin vun der NATO huet de Schratt op X confirméiert. Am Südoste vu Polen waren e Freideg, polneschen Aussoen no, dräi russesch Marschfluchkierper ageschloen.
Weider huet de Zalewski annoncéiert, datt bei engem Treffe vun den NATO-Ausseministeren an der nächster Woch iwwer nei polnesch Proposen, wéi een d'Defense verstäerke kéint, berode soll ginn.
De polnesche Ministerpresident Donald Tusk huet wéinst dem Aschloe vun den dräi russesche Marschfluchkierper vum Typ CH-101, bei deem et keng Blesséiert gouf, e Freideg vun enger "russescher Provokatioun" geschwat. Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte huet e Samschdeg bei engem Besuch zougeséchert, datt d'Allianz "all Zentimeter vum polneschen Territoire" verdeedege wäert.
Awacs-Fligere gi fir d'Iwwerwaache vum Loftraum genotzt. De Warn- an Iwwerwaachungssystem aus der Loft - op Englesch Airborne Warning an Control System - déngt der Fréierkennung vu Fligeren, Helikopteren a Rakéiten.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗